arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Fräiheet, fir ofzedreiwen, gëtt an der Constitutioun verankert

Fraerechter

|
headphones

2 min

D’Fräiheet, fir ofzedreiwen, gëtt an der Constitutioun verankert

Mat 48 Stëmmen dofir, 6 Stëmmen dogéint an 2 Enthalunge stëmmt d'Chamber fir eng Verankerung vun der Ofdreiwung an d'Verfassung.

headphones

2 min

©  EPA/CRISTOBAL HERRERA-ULASHKEVICH
(Foto: EPA/CRISTOBAL HERRERA-ULASHKEVICH)

Eenzeg d’ADR huet unanime dergéint gestëmmt. D’Majoritéitsparteien CSV an DP haten de Fraktiounszwang fir dëse Vott opgehuewen. D’LSAP, déi Gréng, déi Lénk an d’Piraten hunn unanime dofir gestëmmt.

Mat dem Aschreiwen an d’Verfassung soll dëst Recht vun enger Ofdreiwung bis déi 12. Schwangerschaftswoch besser fir d’Zukunft ofgeséchert ginn, well Verfassungsännerunge méi schwéier ze kippe sinn, wéi Gesetzer. Un de Konditioune fir en Avortement ännert sech näischt.

Fraerechter och an Demokratien a Gefor

D’Gefore fir Fraerechter wiere reell a kéimen ëmmer méi no, sou de Rapporter a lénken-Deputéierte Marc Baum. 

“Well a ganz ville Länner, déi eis no stinn, grondleeënd demokratesch Rechter a Fräiheeten ënner Beschoss stinn, ass dëse Vott haut en historeschen.”

Der CSV-Deputéiert Nathalie Morgenthaler no kéint een ënnerschiddlech Iwwerzeegungen hunn, mee wat Verantwortung, Respekt a Schutz ugeet sollt eis Gesellschaft sech eens sinn.

Oneens, wat Recht op Verhütung ugeet

D’DP-Parteipresidentin Carole Hartmann huet sech dogéint ausgeschwat, och d’Verhütung an d’Verfassung ze verankeren, sou wéi et an der initialer Propose fir d’Verfassungsännerung virgesi war.

"Si verlaangt eng konkreet a bewosst Handlung vun de betraffene Persounen. Dat ass eppes, wat de Staat net direkt ka garantéieren oder schützen."

Dat hunn déi gréng-Deputéiert Sam Tanson an d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding bedauert. Der LSAP-Fraktiounspresidentin no wier mat dëser Debatt den Dossier nach net ofgeschloss. Ënnert anerem misst an hiren Aen den Delai fir ee fräiwëllege Schwangerschaftsofbroch vun 12 op 14 Woche gehuewe ginn

 “Mir maachen eis staark, datt d’Berodung soll ausgebaut ginn, mir brauchen eng Datenerhierwung, ausser dem Planning Familial hu mir den Ament guer keng Daten iwwer déi dote Saach.”

ADR schwätzt vun Aewëscherei

 D’ADR-Parteipresidentin Alexandra Schoos huet vun enger Aewëscherei geschwat, well dës Verfassungsännerung hirer Meenung no kee praktesche Schutz mat sech brénge géif.

"Eng Politik kann och iwwer extrem enk Fristen, Prozeduren oder aner Hürden eppes formell bestoe loossen an et an der Praxis bal onméiglech maachen."

Fir dës Verfassungsännerung war eng zwee Drëttel Majoritéit néideg. Mat den 48 Stëmme gouf dës erreecht.