Radioen

On air

Notturno  |  Foals - Two Steps, Twice

play_arrow Live
search

/ Aly Bintz: “Wann ech d’Bün gesinn, da rifft se mech”

SOT EMOL

Aly Bintz: “Wann ech d’Bün gesinn, da rifft se mech”

Den 1. November 2004 war en Dag wou d’Lëtzebuerger Bünen Trauer gedroen hunn, deen Dag koum d’Nouvelle, datt de Sänger, Entertainer an Acteur Aly Bintz gestuerwen ass. An dat sinn elo schonn zwanzeg Joer hir. Den Aly Bintz war e Sänger vu Format, dee wuel alles wat et vu Lëtzebuerger Operette gëtt, gesongen huet.

auto_stories

4 min

Vum Aly Bintz ginn eng ganz Partie Diske mat populärer Lëtzebuerger Musek, hie war op der Bün a villen Domainer doheem a wosst a sou munchen Theaterstécker ze iwwerzeegen.

An donieft hunn den Aly Bintz a seng Fra Micky, déi am Juli 2000 gestuerwen ass, zesummen als Artistekoppel fir eng Abberzuel lëschteger Stonne gesuergt.

Bei de Scouten ass et mam Theater ugaangen

Den Aly Bintz war am Fong schonn op der Bün iert hien iwwerhaapt op der Welt war, well seng Mamm och Theater gespillt huet an dat mam Aly am Bauch. Als Bouf huet hien dunn um Lampertsbierg bei de Scouten Theater gespillt.

"Dat ass ëmmer hänke bliwwen, ech hu bei de Scouten och scho Sketcher gemaach."

Am Krich, 1943, hu se sech zesumme gesat fir Theater ze spillen, an zwar den Aly Bintz selwer, säi Brudder Nic an de Jängi Hopp. A se hunn e Lëtzebuerger Stéck gespillt, wat natierlech bei de Leit enorm ukomm ass.

Nom Krich goung et weider mam Theater

Nom Krich huet sech dunn d’Ligue “Ons Jongen” gegrënnt, déi och Soiréeën organiséiert hunn, an den Aly Bintz ass mam Fernand Wark fir déi Owender vun der Ligue duerch d’ganz Land gefuer an hu Sketcher bruecht oder Lidder gesongen.

Weider Statiounen a senger wäit iwwer 50 Joer laanger Karriär waren de Lëtzebuerger Theater, de Liewensfrou vun Esch, de Varitésensembel vun der Nationallotterrie, an dat mat Leit ewéi Fernand Wark, Marcel Jander oder Hary Hagen.

De Aly Bintz war am Fong Metzler

Och wann dem Aly Bintz seng Elteren nawell och op der Bün stounge war et awer kloer, datt de Bouf e Beruff sollt léieren, an en ass du wéi säi Papp Metzler ginn.

"Ech sinn um Knuedler bei e Metzler komm, e Kolleeg vu mengem Papp, an hien huet da gesot: Allez hopp, ech war déi Zäit am Conservatoire, da looss e viru goen an de Conservatoire, déi zwee Owender da kanns de him do fräi ginn, well do war et net aacht Stonnen, vu Moies sechs bis owes 10 ass geschafft ginn. Dat ass e puer Mol gaange mam Conservatoire an du war et eriwwer."

An e puer Joer huet den Aly Bintz du näischt méi gemaach.

D’Operette war säi léifste Genre 

Wat den Aly Bintz am léifsten hat, war de Gesang, verbonne mam Spriechtheater.

"An ech hunn zimmlech vill, wann net alleguerten d‘Operette vum Emile Boeres gespillt, déi mer terribel vill Freed gemaach hunn."

D’Charakterrolle louchen him och

Eng ganz wichteg Theateretapp ass fir den Aly Bintz den TOL gewiescht, wou en no ville Jeune Premieren, déi e gespillt huet, och am Charakterfach ze iwwerzeege wosst, ugefaangen huet et deemools mam Norbert Weber sengem “Bretzert”.

An a propos Charakterfach: Den Aly Bintz gouf zemools a senger spéiderer Karriär e bësse mam Wäi verglach, wat méi al wat besser.

A Charakterrollen huet den Aly Bintz dunn ënnert Regisseure wéi Steve Karier, Hady Jacobi, Frank Hoffmann, Marc Olinger, oder Jean-Paul Maes gespillt an a Stécker "Ee wéi deen aneren", "Dës Kéier kraacht et", "Hänk dech dach nëmmen op" vum Guy Wagner gewise wat e konnt.

Theater an d’Bün waren och eng Familljenaffär

Als Famill stoung de Aly Bintz zesumme mat senger Fra, der Micky Erpelding a mat senge Kanner Simone Bintz a Brigitte Bintz op der Bün. An en ass de Papp vum Geschäftsmann an excellente Gittarist Jean Claude Bintz.

Den Aly war usech ni doheem, soit mam Micky op der Bün soit alleng, mä Bintzen waren, sinn a bleiwen eng Kënschtlerfamill, dat war net nëmme bei den Elteren esou mä bei de Kanner an de Kandskanner

An den Houfert huet den Aly Bintz och gespuert.

"Ech si stolz op meng Kanner alleguerten, well ech hätt keng besser Kanner kënn kréien."

Den Aly Bintz ass op Allerhellegen 2004 am Alter vun 75 Joer gestuerwen, an dat sinn elo 20 Joer hir.

Wéi seet een: "The Show must go on", an dat wär ouni Zweiwel och nach haut dem Aly Bintz senge Meenung gewiescht.

Lauschterenplay_arrow