arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Am Alter vu 74 Joer: Chris Rea ass verstuerwen

"Driving home for Christmas"

|
headphones

1 min

Am Alter vu 74 Joer: Chris Rea ass verstuerwen

De brittesche Sänger wier no kuerzer Krankheet friddlech am Spidol verstuerwen. Dat huet seng Famill dem brittesche Sender BBC matgedeelt.

headphones

1 min

Chris Rea | © EPA/GEORGIOS KEFALAS
Chris Rea (Foto: EPA/GEORGIOS KEFALAS)

De Chris Rea war ënner anerem bekannt fir säi Lidd "Driving home for Christmas" aus dem Joer 1988. Bis haut gëllt d'Lidd als Klassiker vun der Chrëschtzäit.