arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Norde vum Land huet et gëschter Owend dräimol gebrannt, 150 Pompjeeën am Asaz

Klima

|
reading time

1 min

Am Norde vum Land huet et gëschter Owend dräimol gebrannt, 150 Pompjeeën am Asaz

Tëschent 21:00 an 21:30 Auer wieren d'Pompjeeë wéinst dräi grousse Bränn op dräi verschidde Plaze geruff ginn. Am Ganze waren 150 Pompjeeën aus méi Asazzentere bei den dräi Feieren am Asaz.

reading time

1 min

© Jo Welfringer
(Foto: Jo Welfringer)

Fir d‘Interventiounen ze koordinéieren an d‘Couverture an anere Regioun ze assuréieren, gouf den operationelle Gestiounszenter aktivéiert, esou de CGDIS. 

Zu Laaschent an der Gemeng Tandel stoungen Heebotten op enger Längt vu ronn 250 Meter a Flamen. Zu Tratten an der Gemeng Wëntger huet eng Scheier gebrannt. Am Pommerlach an der Gemeng Wanseler huet en Daach nieft enger Residenz gebrannt.

Ee Pompjee gouf bei den Interventioune blesséiert, esou de CGDIS an engem Communiqué de Moien.