arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom zweetsonnegste Juli wäert och den Ufank vum August waarm a sonneg ginn

Klima

|
reading time

1 min

Nom zweetsonnegste Juli wäert och den Ufank vum August waarm a sonneg ginn

Dëse Juli ass deen zweetsonnegste zënter der Opzeechnung vun de Sonnestonnen um Findel. An de leschten zwee Joerzéngte géif et en Trend hin zu méi sonnegen Deeg ginn, erkläert de Luca Mathias, Meteorolog vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux am 100,7 Interview. 

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Patrick Pleul
(Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul)

Dëst géif virun allem um Héichdrock an dem domat verbonne Manktem u Wolleken a Ree leien.

Datt d’Wollekebildung um Himmel iwwer Europa ëmmer manner gëtt ass e Phänomen, deen de Luca Mathias an de leschte Jore konstatéiert. Wat d’Wieder fir déi nächst Deeg ugeet, erwaart hie sech keng Ofkillung.

"Donneschdeg, Freideg si mir bei de Maximaltemperaturen esou ëm déi 25 bis 27 Grad. An da vun den Tendenzen hier an de Modeller schéngt et erëm ab e Samschdeg a Richtung 30 Grad an dann Ufank nächste Woch vläicht nees driwwer ze goen."

Aus den Hëtztperiode wier een deementspriechend och nach net zu 100 Prozent eraus, seet de Meteorolog.

"D'Modeller deiten erëm eeben drop hin, datt et d'nächst Woch, respektiv ab dem Weekend, am Laf vun nächster Woch eventuell nees an en Hëtztberäich kéint goen."

Ausser vereenzelt bei Donnerwieder wier och kee gréisseren Néierschlag an nächster Zäit ze erwaarden, esou nach de Luca Mathias vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux.

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Meteorolog Luca Mathias