Laanscht d‘Uelzecht, d‘Atert an d‘Sauer géifen d‘Peegelen den Ament séier klammen. Et wier net ausgeschloss, datt zu Ettelbréck an zu Dikrech déi nächst Warnstuf – also déi orange Cote de vigilance – géif erreecht ginn, heescht et op inondations.lu.
Op der Musel besteet am Moment kee Risiko.