Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An der Spezialkommissioun Caritas gëtt d'Roll vun de Banken a Fro gestallt

Marie-Josée Jacobs stoung Ried an Äntwert

An der Spezialkommissioun Caritas gëtt d'Roll vun de Banken a Fro gestallt

An der Spezialkommissioun Caritas war gëschter um Méindeg déi fréier Presidentin vun der Fondation Caritas, d'Marie-Josée Jacobs, invitéiert. No der Sëtzung soten d'Deputéiert, déi fréier Presidentin hätt esou gutt wéi si konnt op d'Froe vun den Deputéiert geäntwert, mee si selwer wier awer mat enger ganzer Partie Froe komm, op déi et bis haut keng Äntwert gëtt. Notamment déi vun der Roll vun de Banke beim Bedruch vun 61 Milliounen Euro. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Chambre des Députés/Flickr play_arrow
(Foto: Chambre des Députés/Flickr)

Fir d'DP-Deputéiert Corinne Cahen huet déi fréier Presidentin vun der Fondation Caritas an der Spezialkommissioun genee déi Froe gestallt, déi jidderee sech géif stellen, notamment wéi et de Banken net konnt opfalen, datt et sech bei deenen iwwer 100 Virementen op auslännesch Konten ëm eng Fraude géif handelen.

"Si huet d'Beispill ginn, wann Dir selwer een Haus oder en Appartement kaaft an Dir gitt op d'Bank an Dir musst do Sue léinen, da gitt Dir schrecklech vill Dokumenter gefrot. D'Banken haut déi ruffe schonn un, wann Dir e klenge Virement maacht. An do ass natierlech d'Fro: Wéi konnt dat geschéien?"

D'Marie-Josée Jacobs wier zwar ganz formell bliwwen, mee hätt awer gesot, datt d'Banken eng grouss Responsabilitéit géifen droen, déi si bis elo nach net assuméiert hätten, esou no der Sëtzung de Piraten-Deputéierte Sven Clement.

Djuna Bernard: Erkenntnisser vu bis elo si confirméiert ginn

D'Marie-Josée Jacobs hat am Dezember zejoert an der Suite vun der Finanzfraude bei der Hëllefsorganisatioun hir Demissioun als Presidentin vun der Fondation Caritas eragereecht. Am 100,7-Interview hat déi fréier CSV-Politikerin deemools erkläert, si wier net an der Verfassung, dee Poste weiderzeféieren. Hir Aussoe gëschter an der Spezialkommissioun hätten awer d'Erkenntnisser vu bis elo bestätegt, esou déi gréng Deputéiert Djuna Bernard no der Sëtzung.

"Och d'Passivitéit vum Bistum, wou si och nach eng Kéier gesot huet, datt de Bistum net konnt déi Suen op den Dësch leeën, d'Roll vum Här Billon. Awer och de Fait, datt net onbedéngt d'Gespréich am grousse Krees mat all deene concernéierten Acteuren zustane komm ass. An ech mengen, dat huet sech éischter elo verdäitlecht."

Fréieren Direkter Marc Crochet ass e Mëttwoch invitéiert

Fir genee dës oppe Froen an der Caritas-Bedruchsaffär ze klären, hat d'Chamber am Oktober zejoert eng Spezialkommissioun gegrënnt. Elo géif een hoffen, datt och d'Banken hirer Invitatioun géifen nokommen, fir der Kommissioun Ried an Äntwert ze stoen, esou d'Deputéiert gëschter um Méindeg no der Sëtzung. 

Déi nächst Reunioun vun der Spezialkommissioun Caritas wäert um Mëttwochmoien, de 26. Mäerz, sinn. Do wäert de fréieren Direkter vun der Fondation Caritas, de Marc Crochet, den Deputéierte Ried an Äntwert stoen.

 

Lauschterenplay_arrow