Radioen

On air

Kultur um 5  |  Literaresch Kläng

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun 0 op 4 Delegéiert: ALEBA setzt sech bei Sozialwale bei HUT duerch

Resultat kéint nach annuléiert ginn

Vun 0 op 4 Delegéiert: ALEBA setzt sech bei Sozialwale bei HUT duerch

D‘ALEBA huet sech bei de Sozialwale bei der neier HUT asbl, d'Nofolleg vun der Caritas, duerchgesat.  D‘Gewerkschaft kënnt bei den am Ganzen 350 Salariéen op véier Delegéiert, den OGBL op dräi. 

auto_stories

1 min

HUT | © Eric Ewald
HUT (Foto: Eric Ewald)

D‘ALEBA war do virdru guer net bei der Caritas vertrueden. Fir de President vun de Gewerkschaft, Robert Mendolia, wier dat Resultat ee Beweis, datt d‘Personal mat der Aarbecht vun der aktueller Delegatioun net zefridde war.

Et hätt ee virun enger Néierlag mat engem dramateschen Effekt profitéiert, virun allem a Bezuch op de Krisemanagement vun der fréiere Delegatioun, mengt de Robert Mendolia. 

"Et donc, ils se sont tournés vers nous pour rompre, entre guillemets, avec certaines méthodes qu'il y avait avant, dans lesquelles l'ancienne délégation ne se reconnaissait plus."

Lauschterenplay_arrow

Et wier ee sech awer och bewosst dat nach en Urteel géif ausstoen an d‘Resultat vun dëse Sozialwalen nach kéint annuléiert ginn. Den OGBL hat geklot, well senger Meenung no déi al Delegatioun hätt missen iwwerholl ginn a well nach kee Joer zënter de leschte Wale vergaangen ass.