Zu “Adria News Network” gehéieren Televisiouns-Chaînen ewéi “N1” oder awer d’Plattform “Vijesti”, déi eng ganz wichteg Roll an der Regioun spillen, seet den Euroapdeutéierten Andreas Schieder.
Medie vum "Adria News Network" assuréieren onofhängege Journalismus um Balkan
Den éisträichesche Sozialdemokrat suivéiert d’Politik um Balkan zënter Jore ganz enk.
"Am Balkan sind gute Medien Mangelware. N1 und Vijesti gehören zu den letzten unabängigen Medien. Daher mussen wir uns dafür einsetzen, dass sie weiter unabhängigen Journalismus betreiben können."
N1 géing zum Beispill a Serbien eng zentral Roll als lescht onofhängeg Televisiouns-Chaîne spillen. All déi aner wiere vum serbesche President Aleksandar Vucic ofhängeg a géife “gleichgeschaltete Regierungspropaganda” maachen.
“Adria News Network” gehéiert “United Group” mat Sëtz zu Lëtzebuerg. De Reseau gouf Enn September un “Alpac Capital” verkaf, ee Fonds, deen dem fréieren ungaresche Premier Viktor Orbàn nosteet an dee wéinst fréieren Decisiounen an d’Kritik geroden ass.
"In Brüssel schrillen alle Alarmglocken"
Déi betraffe Medien an ONGen aus der Regioun hunn Alarm geschloen. Et gëtt gefaart, datt déi d’Entreprisen ëmstrukturéiert ginn, an datt d’Medien an Zukunft ënner dem Afloss vun hire Regierunge schaffe mussen.
D’Suerge si berechtegt, seet den Andreas Schieder. Och zu Bréissel wier een alarméiert.
"Es schrillen alle Alarmglocken, auch hier in Brüssel (...) Wir müssen mit aller Kraft aus Europa aufschreien und sagen, so geht das nicht."
Dem Keefer Alpac Capital ginn net nëmme Lienen zum Viktor Orbàn sengem Medien-Imperium nogesot.
Och beim aktuelle Proprietär vun “Adria New Network”, dem Fonds “United Group” mat Sëtz zu Lëtzebuerg, gouf et Unzeechen dofir, datt ënner dem Afloss vum serbesche President gehandelt gëtt. Dat geet op alle Fall aus enger Opnam vun engem Gespréich tëschent dem CEO vun “United Group” an engem Vertrieder vun der staatlecher serbescher Telekom ervir, déi den internationale Journalisteprojet “Organized Crime and Corruption” publizéiert hat.
Service des médias confirméiert d’Ufro fir eng Autorisatioun
De Verkaf vun Adria News muss iwwerdeems vu Lëtzebuerger Autoritéite gutt geheescht ginn. De 17. Juni ass eng offiziell Demande fir esou eng Autorisatioun erakomm, confirméiert de “Service des médias” op eis Nofro. Elo géif op een Avis vun der ALIA, der onofhängeger Autoritéit fir audiovisuell Medien, gewaart.
Kloer Erwaardungen u Lëtzebuerger Autoritéiten
Den Andreas Schieder huet kloer Erwaardungen un d’Lëtzebuerger Autoritéiten.
"Die Luxemburger Behörden mussen ganz streng und kritisch prüfen. Ich erwarte mir, dass sie rechtsstaatlich vorgehen, aber in aller Strenge."
Wier dat de Fall, geséich hien iwwerdeems “wenig Chance für diese feindliche Übernahme”.
ALIA muss neien Avis ausschaffen
De Lëtzebuerger “Service des médias” hat am Dezember zejoert d’Konzessioune vun de Senderen, déi zu “United Group” gehéieren, verlängert. D’ALIA hat deemools just ee provisoresche positiven Avis ofginn a festgehalen, datt “un risque d’ingérence ne peut être exclu” an datt eng “vigilence renforcée” ubruecht wier.
D’Verlängerung wier accordéiert ginn, well een “Avis positif” vun der ALIA virlouch, hat dozou de Service media dem Radio 100,7 Enn Mee matgedeelt. Deen Avis wier dowéinst “provisoire”, fir ze ënnersträichen, datt d’ALIA d’Situatioun weiderhin enk suivéiert.
Et hätt ee vläicht zu deem Zäitpunkt scho méi kritesch kéinte sinn, esou den Andreas Schieder. Et wier elo awer nach net ze spéit, kriteschen an onofhängege Journalismus ze ënnerstëtzen. Fir wéini do mat enger Decisioun ze rechnen ass, huet de Service des médias opgelooss.
“Et besteet keng Äntwertfrist géigeniwwer der ALIA“, huet et op eis Nofro geheescht.