"Mir sinn an der Mëtt mat eiser Positioun", sot de Luc Frieden de Mëtteg zu Bréissel no weidere Verhandlungen tëschent den EU-Staats- a Regierungscheffen. Detailfroen huet hien opgelooss, an hien huet och net verroden, wou et an den Diskussiounen nach Problemer ginn.
Déi lescht Budgets-Propose vun der zypriotescher EU-Presidence géif an déi richteg Richtung goen, esou de Premier. Dee Virschlag läit zwee Prozent ënner deem ëmstriddene Virschlag vun der EU-Kommissioun, dee fir déi siwe Joren e Gesamtbudget vun 2.000 Milliarden Euro virgesinn huet.
Verschidde Länner wëllen e manner héije Budget, anerer méi en héijen. Verschidde Länner wëllen d'Suen och no neie Prioritéite verdeelen.
Nei EU-Taxen?
De Premier Luc Frieden sot de Mëtteg weider, Lëtzebuerg géif sech och net prinzipiell géint nei EU-Taxe verschléissen. Et géif allerdéngs vun de Konditiounen ofhänken.
Gewosst ass, datt Lëtzebuerg Problemer mat der Propose vun der Europäescher Kommissioun huet, d’Tubakssteier nei ze organiséieren an een Deel dovun op EU-Niveau anzekasséieren.
De Remboursement vum europäesche Prêt, wat d’Corona-Hëllefsprogrammer ugeet, wier och een Element an der Diskussioun, sou nach de Premier. Am Prinzip misst dee Prêt an där nächster Period vum Budget zeréckbezuelt ginn.
D'Verhandlungen iwwert den neien EU-Budget sollen am Hierscht weider goen. Et ass d'Zil, bis am Dezember e Kompromëss ze erreechen.
China: Onfairen Handel?
Um EU-Sommet zu Bréissel gouf och zeréckbehalen, datt d'EU-Kommissioun eng "intensiv Diskussioun" mat Peking féiere soll iwwer Desequiliber an den Handelsrelatiounen, esou de Luc Frieden.
D'EU, dorënner och Lëtzebuerg, hu mat China en Handelsdefizit: Dat heescht, datt d'EU vill méi Wueren aus China importéiert wéi et der dohin exportéiert.
De Lëtzebuerger Premier wënscht sech awer e "respektvollen Dialog" mat China:
"Mir féiere kee Krich géint China, mee fuere gutt mateneen", esou de Luc Frieden. Fir Lëtzebuerg steet eppes um Spill: De Grand Duché ass ënner anerem een Zouliwwerer zur Autosindustrie, an där déi chineesesch Konkurrenz extrem staark wier.
De Premier huet och op d’Stolindustrie verwisen. Op der anerer Säit ginn et an enger Rei Lëtzebuerger Entreprise chineesesch Aktionären, dorënner Cargolux, BIL an Encevo.