arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Appellprozess vum zweete Bommeleeër-Prozess soll Enn Oktober ugoen

Bommeleeër

|
reading time

1 min

Appellprozess vum zweete Bommeleeër-Prozess soll Enn Oktober ugoen

100,7-Informatiounen no ass tëschent dem 27. Oktober an dem 10. November den Appellprozess vum zweete Bommeleeër-Prozess. A fënnef Sëtzunge musse sech déi véier fréier héich Responsabel vun der Gendarmerie Pierre Reuland, Aloyse Harpes, Guy Stebens an Armand Schockweiler veräntweren.

reading time

1 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Enn Februar war den Ex-Policegeneraldirekter Pierre Reuland am éischte Prozess wéinst Falschausso am initiale Prozess vun 2013 an 2014 zu dräi Joer Prisong mat Sursis an zu enger Geldstrof vu 5.000 Euro verurteelt ginn.

Fënnef Fräispréch an éischter Instanz

Den Affekot vum fréiere Policegeneraldirekter, de Me Assa, huet nom Urteelssproch fir säi Client Appell ageluecht. Och de Parquet ass géint déi véier deemoleg héich Responsabel vun der Gendarmerie an Appell gaangen, net awer géint déi zwee Matugeklote Marcel Weydert a Guillaume Büchler. 

Am zweete Bommeleeër-Prozess war et an éischter Instanz zu fënnef Fräispréch kommen. Just den Ex-Policegeneraldirekter Pierre Reuland war zu enger Prisongsstrof condamnéiert ginn.

"Et war net keen"

Tëschent Mee 1984 a Mäerz 1986 war et, virum Hannergrond vum Kale Krich, zu 20 Attentater op Infrastrukturen an ëffentlech Gebaier am Land komm. Bis haut ass net gewosst, wien dofir verantwortlech war.