Den däitsche Magasinn SPIEGEL hat gemellt, datt d'Héichschoul DTMD Masterdiplomer an der Zännmedezin ausgestallt hat, ouni dofir d’Erlabnis gehat ze hunn.
D’Schoul hat hire Sëtz bis 2017 zu Wolz am Schlass. Den Ament huet d’Schoul hire Siège social an der Stad, bitt d'Coursen awer an Däitschland un.
Detailer zu der Plainte vum Ministère sinn den Ament net bekannt.
Faillite oder net?
Den Héichschoulministère erkläert, schonn zënter 2024 am Austausch mam DTMD ze sinn. De Ministère hätt awer eréischt am Abrëll 2026 konkret Beweiser kritt, déi drop higewisen hunn, datt d‘Schoul ouni déi néideg Erlabnis Masterdiplomer ausstellt.
De SPIEGEL hat iwwer eng méiglech Faillite bei der Schoul fir Zänndoktere bericht. Dovun huet de Parquet keng Kenntnis.