Vun deenen 10 Joer Sursis soll fir d’Hallschent e Sursis probatoire gëllen, Spréch de jonke Mann soll Oploen erfëlle wéi zum Beispill e psychologesche/psychiatresche Suivi.
De Mineur hat virgehäit kritt, de Stéifpapp op Neijooschdag 2025 zu Esch virsätzlech mat enger Abberzuel Messerstéch ëmbruecht ze hunn. De Beschëllegte war deemools 16 Joer al. An engem Mount gëtt hie groussjäreg.
„Eppes an him explodéiert“
An den Ae vum Vertrieder vum Parquet sinn d’Faiten zimmlech kloer. De Mannerjäregen hätt d’Dot zouginn, soudatt nëmmen d’Fro ze kläre wier, ob et e Mord war an e Virsaz virloung: Béid Froe wiere mat Jo ze beäntweren. Allerdéngs wier d’Affer och gewalttäteg an aggressiv gewiescht an dem Mineur missten eng Rëtsch Circonstances atténuantes zegutt gehale ginn.
Esou säin Alter zum Zäitpunkt vun der Dot, de Fait, datt hien et bis elo net einfach hat am Liewen, ënner dem spéideren Affer gelidden huet an als net gewalttäteg beschriwwe gouf. Um Dag vun der Dot misst also “eppes an him explodéiert sinn”. Fir seng Zukunft wier de Pronostic och gutt.
“Wat ass eng adequat Strof, wann ee selwer Affer ass?”
Och d’Me Lynn Frank, Affekotin vum Ugekloten, huet Circonstances atténuantes ausgemaach, wéi zum Beispill d’Perséinlechkeet vum jonke Mann a säi gewalttätegt Ëmfeld. Wat ass eng adequat Strof, wann ee selwer Affer ass, huet si gefrot, a vun enger Banalisatioun vun der Gewalt doheem geschwat.
Bei der Dot wier hire Client an engem aneren Zoustand gewiescht an et wier éischter en Doutschlag gewiescht, ouni Virsaz. Virun deem Hannergrond huet si eng Prisongsstrof mat komplette Sursis gefrot fir deen irreparabelen Akt. Hire Mandant wier awer net “irrécupérabel”. Ganz um Enn sot deen nach, hien hätt ni geduecht, datt et souwäit géif kommen.
D’Me Koné, Affekotin vun den dräi Geschwëster vum Affer, hat hirersäits jeeweils de symboleschen Euro als Schuedenersatz fir si verlaangt.
D’Urteel ass fir de 14. Juli.