arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Appellprozess vum 2. Bommeleeër-Prozess: Wuel weider Falschaussoen am éischte Prozess

Justiz

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Appellprozess vum 2. Bommeleeër-Prozess: Wuel weider Falschaussoen am éischte Prozess

Am Appellprozess vum zweete Bommeleeër-Prozess huet de Vertrieder vum Parquet général ugedeit, datt hien nieft dem Pierre Reuland och fir déi dräi aner fréier héich Responsabel vun der Gendarmerie Aloyse Harpes, Guy Stebens an Armand Schockweiler eng Condamnatioun froe wéilt.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

D'Strof fir de Pierre Reuland sollt iwwerdeems confirméiert ginn. Deemno bléif et fir den Ex-Police-Generaldirekter, wéi am Februar an éischter Instanz, bei enger Prisongsstrof vun dräi Joer mat Sursis an enger Geldstrof vu 5.000 Euro. 

Aussoe solle sech widdersprach hunn

Dem Vertrieder vum Parquet général no hätt sech de fréiere Gendarmerie-Chef Aloyse Harpes zwou Falschaussoen zu Scholde komme gelooss. Engersäits hätt hie gesot, net Bescheed gewosst ze hunn, datt de Ben Geiben, den deemolege Chef vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie, zu Bréissel observéiert gi sollt sinn. 

Anerersäits och net, datt de Ben Geiben hei am Land sollt am Oktober 1985, am Virfeld vum Attentat op de Justizpalais, beobacht ginn.

Och den Armand Schockweiler hätt keng Kenntnis wëlle gehat hu vun der Observatioun vum Ben Geiben zu Lëtzebuerg. Donieft hätt hie gesot, datt hie keng Beweisstécker vum Attentat zu Hollerech bei de Miess- an Erkennungsdéngscht siche gaange wier, wat net der Realitéit entsprieche géif. 

Net der Realitéit entsprieche géif doriwwer eraus och d'Ausso vum Guy Stebens. Och hien hätt sech net un d'Observatioun vum Ben Geiben hei am Land erënnert. 

Wéinst deene Falschaussoe sollten déi dräi verurteelt ginn, esou de Vertrieder vum Parquet général.

Demande nom symboleschen Euro fir de Staat

Do virdru war d'Geriicht zwou Demandë vum Me Hirsch a vum Me Lehnen, Affekot vun den initial Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes, net nokomm. D'Affekote wollten éischtens, datt de Prozess géif opgeholl ginn.

Zweetens, datt de Ben Geiben als Zeie géif gehéiert ginn. Ganz um Enn huet de Me Philippe Penning, Affekot vum Staat, nach deem seng Demande, als Partie civile, nom symboleschen Euro widderholl. 

Am Appellprozess geet et nach emol ëm Falschaussoen am 1. Bommeleeër-Prozess vun 2013 an 2014. Dowéinst war den Ex-Police-Generaldirekter Pierre Reuland am Februar an 1. Instanz zu 3 Joer Prisong mat Sursis an zu enger Geldstrof vu 5.000 Euro verurteelt ginn. Déi dräi aner Matbeschëllegt goufen iwwerdeems fräigesprach.

Tëschent Mee 1984 a Mäerz 1986 war et, virum Hannergrond vum Kale Krich, zu 20 Attentater op Infrastrukturen an ëffentlech Gebaier am Land komm. Bis haut ass net gewosst, wien dofir verantwortlech war.

Um Freideg geet dëse Prozess weider. 

play_arrow Lauschteren