arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst Virfall mat Loftpistoul: Parquet mellt Festnam vu 15-Joer alem Jong

Justiz

|
reading time

1 min

Wéinst Virfall mat Loftpistoul: Parquet mellt Festnam vu 15-Joer alem Jong

Et kënnt nees ee Mannerjäregen temporär an den Erwuesseneprisong zu Schraasseg well an der UNISEC zu Dräibuer keng Plaz ass. Dat deelt de Parquet an engem Communiqué mat. Grond dofir soll en Tëschefall mat enger Loftpistoul sinn, wéi de Parquet schreift. 

reading time

1 min

Loftpistoul (Symbolbild) | © picture-alliance / Eibner-Pressefoto
Loftpistoul (Symbolbild) (Foto: picture-alliance / Eibner-Pressefoto)

Wéi et heescht, gouf e Mannerjärege vu 15 Joer haut am Kader vun enger Enquête iwwert en Tëschefall leschte Samschdeg beim Centre Hamilius an der Stad vun der Police festgeholl. Dee 15-Joer ale soll do eng Loftpistoul géint eng aner Persoun agesat hunn. 

Interpelléierte keen Onbekannten

Hie wier an der Vergaangenheet scho wéinst aneren Tëschefäll opgefall an aus enger Betreiungsstruktur fortgelaf. De Jugendriichter hätt decidéiert, datt de Jonken temporär op Schraasseg an de Prisong kënnt, esou nach de Parquet.