Dozou gehéieren och d’Prime de Démobilisatioun an d’Majoratioun fir d’Anciennetéit. Donieft klammen d’Zoulage bei zum Beispill Missiounen an Trainingen, déi elo och fir fräiwëlleg Zaldotinnen an Zaldote gëllen, an net méi just fir d’Beruffs-Zaldotinnen an -Zaldoten.
Och dëse Projet gouf eestëmmeg ugeholl.
Zu de Verbesserungen huet d’Defenseministesch Yuriko Backes (DP) konkret Montante genannt.
“Fir eng Woch Trainingsaktivitéit si fir d'Offizéieschen an d'Offizéier 1.855 Euro Indemnitéit virgesinn. Fir d'Zaldotinnen an d'Zaldoten, déi bis elo, wéi gesot, näischt krute, sinn 1.048 Euro géintiwwer null vun haut virgesinn. Dofir, besonnesch fir d'Zaldotinnen an d'Zaldoten, ass dat wierklech en enormen, e considerabele Sprong, eng considerabel Verbesserung, eng substanziell Verbesserung, hannert där mir alleguerten och stinn.”
Attraktivitéit vun der Arméi soll gestäerkt ginn
D’LSAP-Deputéierte Liz Braz huet bei de finanzielle Verbesserunge fir d’Zaldote vun engem “wichtege Signal” geschwat, datt d’Chamber hanner de Männer a Fraen an der Arméi stéing.
De Rapporter vun de Projeten, den DP-Deputéierte Marc Hansen, huet gesot, datt dat wat gestëmmt gouf, dozou soll bäidroen d’Attraktivitéit vun der Arméi an d’Luucht ze setzen, an doduerch de Recrutement méi einfach soll maachen.
Et géif dorëm goen, den Eeschtfall ze preparéieren, an dat wier bei der Arméi de Krich.