Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Himalion - White Whale Feat. JT Bates

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass et gesond bei äisegen Temperature Sport ze maachen?

Sport a Beweegung

Ass et gesond bei äisegen Temperature Sport ze maachen?

Et ass net méi grad esou äiseg dobaussen, wéi mir et an de leschten Deeg gewinnt waren. Fir dobausse Sport ze maachen ass et awer trotzdeem kal. Mee ass dat just eng Excuse oder ginn et gutt Grënn, fir sech bei kalen Temperaturen net ze vill dobaussen unzestrengen? 

auto_stories

4 min

Sport maachen | © tokyosoo/Adobe Stock
Foto: tokyosoo/Adobe Stock

De Jeff Paulus këmmert sech beim nationale Sportinstitut INAPS ëm d'Ausbildung vun de Fitnesstraineren. Hien erkläert, datt ee bei kalen Temperaturen den Ënnerscheed tëschent kal, a ganz kal muss maachen. 

D'Wichtegkeet vum Opwiermen  

Bis -5 Grad Celsius bréicht een normale Fräizäitsportler sech keng Gedanken ze maachen. Natierlech kéiom et och drop un, wéi vill Sport datt ee gewinnt ass ze maachen. Verschiddene Profisportler:inne maachen dë Temperaturen näischt aus.

"Wann een zum Beispill kuckt am Profisport, vun der internationaler Schifederatioun zum Beispill sinn nach bis -20 Grad Kompetitiounen erlaabt. Dat heescht, do gesäit een, datt de mënschleche Kierper scho prett ass sech an deene Konditiounen ze beweegen.

Allgemeng, wann een et net onbedéngt gewinnt ass, sollt ee bei -5 Grad Celsius awer ophalen dobaussen eppes ze maachen, réit de Jeff Paulus.

Beweegung ass och net ëmmer gläich Beweegung, seet de Fitnesstrainer. D'Intensitéit spillt eng ganz grouss Roll. Wann een iwwer eng laang Zäit déif Ootmunge mécht, dat wier sécherlech net ideal. Mee et kann een deem och e bëssen entgéintwierken. 

"Wat engem eventuell kann hëllefen, dat ass sou ee klenge Warm-up no bannen ze verleeën. De Kierper brauch schonn ëmmer e bësse seng Zäit, bis dass déi kierpereege Prozesser do op Toure kommen. Do schwätzt een esou vu 5 bis 15 Minutten, jee nodeem wéi d'Temperatur dann och dobaussen ass."

A wann een de Warm-up nobanne verleet, da kann de Kierper sech besser drop virbereeden, seet de Jeff Paulus. 

Och wa keng Minustemperature sinn, ee gudde Warm-up ass ëmmer wichteg, betount de Jeff Paulus. Et reduzéiert de Risk vu Verletzungen a léist d'Leeschtung besser steieren.

Sport maache wann een erkaalt ass?

Dobäi kënnt, datt ee Kierper, dee Sport gewinnt ass, och besser op Keelt virbereet ass. 

"Also wann ech mech elo ni sportlech betätegt hunn, ass et natierlech vläicht keng ganz gutt Iddi direkt héichintensiv unzefänken an och nach bei e bësse méi extreemen Temperaturen. Ech mengen, dat schéngt engem logesch."

Wichteg wier ëmmer, datt ee sech progressiv steigert. Et soll ee sech a säi Kierpe rop kee Fall iwwerfuerderen, réit de Jeff Paulus. De Mënsch wier keng Maschinn. Am Géigendeel: Wärend eng Maschinn duerch méi Ofnotzung méi schwaach gëtt, gëtt de Kierper duerch méi Training méi staark.

Déi kal Joreszäit ass och d'Zäit vun den Erkältungen. Wann ee lo mat enger richteger Gripp flaach läit, da kënnt ee warscheinlech souwisou net op d'Iddi, Sport ze maachen. Mee wann ee just de Schnapp huet, ass dat dann awer eng valabel Excuse fir d'Lafschong vläicht nach e puer Deeg am Schaf stoen ze loossen? Jein, seet de Jeff Paulus. 

"Déi bescht Äntwert, déi ech elo ka ginn, ass am Zweifel ëmmer beim Dokter no Rot froen. Trotzdeem, meng perséinlech Meenung ass ëmmer, also wann ee sech ugeschloe fillt, wann een de Schnapp huet, den Houscht huet, e bësse kränkelt, da géif ech de Sport evitéieren."

Dem Kierper Zäit gi fir sech ze erhuele wier essenziell, fir och duerno nees u seng gewinnte Leeschtungen unzeknäppen. Wann de Kierper also Grad géint eng Erkältung oder géint de Schnapp kämpft, da soll een him och zwee oder dräi Deeg Zäit ginn dat ze maachen.

Wéi bleift ee motivéiert?

Och wann dës "Excuse" fir kee Sport ze maachen also gëllt, sou ginn et awer bestëmmt och vill Leit, déi aktuell net grad krank sinn, an awer hiren Neijoerschvirsaz fir méi Sport ze maachen net erfëllt kréien.

Et géifen awer clever Aart a Weise ginn, fir de Sport an d'Beweegung a säi Liewen ze integréieren, see de Fitnesstrainer. Et sollt ee scho mol domadder ufänken, datt dee Sport, deen ee sech raussicht, eng Sportaart ass, déi ee scho kann. Soss kéint ee séier iwwerfuerdert sinn.

A punkto Organisatioun soll ee sech realistesch Ziler setzen.

"Mir huelen eis vläicht Ufank vum Joer vir, dräi Mol d'Woch Sport ze maachen. Wann ech awer elo scho weess, dass et spéitstens am Februar schwéier gëtt, déi dräi Mol d'Woch anzehalen, dann ass et besser, mat ee Mol d'Woch unzefänken."

Zum Schluss sollt ee sech da kleng Verbindlechkeeten ze schafen, fir och mëttel- a laangfristeg um Ball ze bleiwen. Dat kann esou ausgesinn, datt ee sech vläicht een Aarbechtskolleeg hëlt a mat deem Sport mécht, Sou wier den Dag kloer, d'Auerzäit wier kloer, an den Trainingspartner wier kloer.

"A wann ech dann eng Kéier e bësse lappen, dann zitt dee mech mat. Dat heescht, do sollt ee sech da scho kleng Verbindlechkeete schafen."

Dat Wichtegst ass a bleift awer de Spaass: Et soll ee Spaass hunn um deem, wat ee mécht. Hautdesdaags géingen et bal onendlech vill Méiglechkeet gi fir sech ze beweegen.