Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Cloakroom - Bad Larry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Deprez: System muss finanzéierbar bleiwen

Méiglech Reform vum Pensiounssystem

Martine Deprez: System muss finanzéierbar bleiwen

D’Sozialministesch léisst duerchblécken, datt d’Regierung nach virun de nächste Walen eppes um Pensiounssystem wëllt änneren. "Wann et net eist Zil wier de System ze adaptéieren, dann hätte mer déi Diskussioun guer net bräichten ze lancéieren," esou d’Martine Deprez am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Déi éischt Consultatiounsphas ass elo ofgeschloss. Iwwer 2.000 Beiträg si bei engem Online-Questionnaire eragereecht ginn. 

Virun allem dräi Sujete kéint een dobäi erausliesen: Gerechtegkeet, Nohaltegkeet vum System a Flexibilitéit. 

Neien Online-Questionnaire fir de breede Public 

Elo géifen Experte-Ronnen zesumme gestallt ginn. Ween déi Experte sinn, géif iwwerdeems nach net fest stoen. Déi sollen d’Äntwerten op den Online-Questionnaire auswäerten. Doropshin soll nees en neie Questionnaire online geschalt ginn, mat méi prezise Froe fir de breede Public.

Wéi eng Positioun d’Regierung zu enger méiglecher Reform huet, wollt d’Martine Deprez nach ëmmer net matdeelen. Et wier och nach net sécher, ob et iwwerhaapt zu enger Reform an dëser Legislaturperiod kënnt. Dat wier och net hir Decisioun, mee dat misst op Regierungsniveau entscheet ginn. 

Wann et net eist Zil wier, eppes um System sou ze agencéieren, datt e finanzéierbar wier oder besser finanzéierbar ass, dann hätte mir déi Diskussioun warscheinlech guer net bréichten ze lancéieren.

Dat eenzegt, wat sécher wier: De System misst finanzéierbar bleiwen, sou d’Sozialministesch.

Lauschterenplay_arrow