D'LSAP-Deputéiert wollte wëssen, wat d‘Pläng vun der Regierung sinn, wat d‘Entwécklung vun den Tubakspräisser ugeet. Dat mam Hannergedanken, datt de Präis déi beschte Waff géint den Tubakskonsum ass. Aktuell wier de Präis vun engem Pak Zigaretten zu Lëtzebuerg nämlech vill méi bëlleg wéi an onsen Nopeschlänner.
De Finanzminister huet nach preziséiert, datt ee mat enger Erhéijung vun de Steiere wéi och mat enger Zesummenaarbecht mat den Nopeschlänner géint den illegalen Handel vu grousse Quantitéite vun Tubaksproduite wéilt virgoen. Systematesch Kontrollen un de Grenze wieren awer wéinst de Reegele vum Europäesche Bannemarché net méiglech.