Do géifen et “keng 156 Méiglechkeete ginn”, sou déi nei Ministesch. Usetze kéint ee just bei Cotisatiounen oder Prestatiounen. Een Deplafonnement vun de Cotisatiounen huet d’Martine Deprez awer quasi ausgeschloss.
"Wa mir elo géifen (de Plafonnement vun de) Cotisatiounen (um Niveau vu) fënnef mol de Mindestloun ophiewen, da kënnt direkt d’Diskussioun: Musse mir dann net op där anerer Säit och d’Prestatiounen héije goen? A wa mir dat maachen, dann hu mir am Fong net vill erreecht. Well da verréckele mir de Problem op 40 Joer. Mir kréien zwar elo méi Cotisatiounen eran, mee mir mussen herno awer och méi Pensioune bezuelen."
Souwuel d’Gesondheetskeess wéi och de Pensiounssystem wäerten an de nächste Joren an e finanziellen Deséquiliber geroden. Déi nei Sozialministesch muss also Léisunge fannen, fir d’Finanzementer vu béide Versécherungen nohalteg ofzesécheren.
CNS: Ginn d'Leeschtunge gekierzt?
Wat d’CNS ubelaangt steet am Regierungsprogramm, si misst an Zukunft eventuell net méi all Prise en charge iwwerhuelen. Heescht dat, datt Leeschtunge gekierzt ginn? Net onbedéngt, sot dozou d’Martine Deprez am 100,7-Interview.
"D’CNS kënnt net nëmme fir Leeschtungen op, mee participéiert deelweis och um Finanzement vun de Spideeler an iwwerhëlt Käschten, déi an der Vergaangenheet integral vum Staat iwwerholl gi sinn. Do si mir amgaang d’Lëscht opzestelle vun alle Prestatiounen, déi net direkt un d’Cotisatioune gebonne sinn. An da musse mir kucken, ob de Staat seet, ech iwwerhuele meng Verantwortung an ech bezuelen dat aus dem Staatsbudget. Oder ob mir higinn a soen, do sinn aner Träger, déi dat da mussen iwwerhuelen. Mee deen Exercice ass nach net gemaach."
Wien Träger kéint sinn, wieren d'Spideeler. Wéi d'Martine Deprez erkläert, kënne verschidde Saache vläicht nach iwwer de Fong vun de Spideeler lafen. Et wier een am gaangen "ze tässelen", mee Detailler konnt déi nei Ministesch nach net ginn.