Dräi Kéieren hat d’Assemblée der Stierfhëllef gréng Luucht ginn, dräimol hat de Senat dës rejetéiert. Gëschter Owend huet awer d’Assemblée dat lescht Wuert behalen an d’Gesetz mat 291 Jo-Stëmme géint 241 Nee-Stëmmen ugeholl.
Kloer Krittäre goufen definéiert
Wien an Zukunft a Frankräich d’Stierfhëllef wëllt an Usproch huelen, muss dofir fënnef Krittären erfëllen: volljäreg sinn, déi franséisch Nationalitéit hunn oder a Frankräich wunnen, un enger onheelbarer Krankheet am finale Stadium leiden, physesch Péng hunn, déi net méi kann traitéiert ginn, a kloer an eegewëlleg zoustëmmen.
All Dokter oder Doktesch kann de Wonsch refuséieren, muss déi betraffe Persoun dann awer bei aner Medezinner:inne schécken. Dofir soll e Register ugeluecht gi mat allen Dokteren an Dokteschen, déi d’Stierfhëllef praktizéieren.
Vill Kompromësser missen agoen
Déi betraffe Persoun muss selwer den déidleche Geste iwwerhuelen, ausser si ass net méi dozou am Stand. Da gëtt e vun der medezinescher Säit iwwerholl.
Déi ekologesch Deputéiert Sandrine Rousseau sot gëschter an der Assemblée, et hätt een zwar vill Kompromësser missen agoe beim Gesetz, mee elo géing et awer endlech e legale Kader fir e besseren Doud ginn.
Aschalte vum Conseil constitutionel huet fir Erstaune gesuergt
D’Stierfhëllef war 2022 vum President Macron initiéiert ginn. Dat als Kärprojet vu sengem zweeten Terme. Gëschter allerdéngs hat de Premier Sébastien Lecornu annoncéiert, op Wonsch vum Macron hin, de Conseil constitutionel anzeschalten, wat fir Erstaune gesuergt huet.
Aus dem Regierungsëmfeld heescht et, et wéilt een hei den demokratesche Prozess bis ganz un d’Enn goe fir keng Zweifel um Gesetz ze loossen.