Een Ausléiser fir déi Feieren ass ënner anerem den immens dréchene Buedem. An dat ass net just e Problem fir e Brandrisiko, mee och fir d'Waasserversuergung vum Land.
D'Dréchent ass de gréisste Problem
Dofir huet d'Regierung elo mat Mesuren op Dréchent reagéiert. D'Ministesch fir déi ekologesch Transitioun, d'Monique Barbut, huet um Mëttwochmoien eng Krisesëtzung wéinst der Dréchent aberuff.
Et ginn zwee Haaptgrënn fir dës Dréchent. Engersäits déi héich Temperaturen. Frankräich ass schonn a senger drëtter Canicule fir dëse Summer, wat sech natierlech op den Zoustand vun de Bëscher an de Wisen auswierkt. Déi sinn immens dréchen an dowéinst och feierufälleg.
An dann awer natierlech och de Fakt, datt et däitlech manner gereent huet wéi soss. A souguer elo wann et elo géif reenen, da kann den dréchene Buedem d'Waasser net esou gutt absorbéieren.
Dat alles féiert dozou, datt elo et eng Dréchent gëtt, déi - wéi d'Monique Barbut ënnerstrach huet - immens fréi an immens schlëmm ass, wat un 2022 erënnert, wou Frankräich och mat enger Rekorddréchent ze kämpfen hat.
Ass dat ganzt Land d'selwecht vill betraff dovun?
Eng staatlech Agence huet gemellt, datt 93 Prozent vum Grondwaasser ënner dem Niveau läit, deen üblech ass. Mee hei ass awer d'Verdeelung ganz ënnerschiddlech.
Zum Beispill elo an der Île-de-France ass de Grondwaasserpeegel nach ganz okay, wärend awer elo zum Beispill an der Auvergne oder am Limousin d'Situatioun däitlech méi schlëmm ass.
Esouguer de Massive central, dee quasi eng Zort Waasserreservoir vum ganze Land ass, deen ass betraff an dat ass en Indice dofir, datt d'Dréchent dëst Joer méi staark a virun allem och nach méi staark kéint ginn, wéi soss, well esou séier fëllt sech d'Grondwaasser net op.
98 Departementer stinn dowéinst elo ënner Surveillance, 42 dovu souguer am Krisenzoustand. Esou groussflächeg war eng Dréchent op d'mannst zënter 2013 net méi.
Wat sinn dann d'Pläng vun der Regierung?
D'Pläng hänken dovunner of, wéi eng Geforestuf am Departement, respektiv der Gemeng herrscht.
An der Fonctioun vum Zoustand ass et just eng Alerte, eng Alerte renforcée oder eng Kris. Jee nodeem kënnen dann déi lokal Autoritéiten, also d'Prefektur, Moossnamen ergräifen, déi de Waassergebrauch aschränken: Net méi esou vill Netzen, keng Piscinnen opfëllen oder d'Autoe wäschen.
Elo scho ginn et op iwwer 200 Plazen am Land esou Restriktiounen, déi a Kraaft sinn.
D'Ministesch fir déi ekologesch Transitioun wëllt an hirer Krisesëtzung kucken, wat elo nach ka gemaach gi fir Waasser ze spueren.
D'Waasserknappheet féiert zu besonneschen Tensiounen
D'Dréchent ass e Problem, an éischter Linn fir d'Natur an d'Biodiversitéit. Den Ament si ronn ee Véierel vun de klenge Flëss a Baachen a Frankräich quasi komplett dréchen. Déi aner sinn op historesch niddregem Niveau.
Mee natierlech entstinn och Verdeelungsfroen tëschent de Bierger a Biergerinnen engersäits, déi mat Restriktioune kämpfe mussen, an dann och der Industrie op där anerer Säit, déi eeben och vill Waasser brauch.
Besonnesch d'Agrikultur steet hei dacks am Fokus, well si immens staark vun der Dréchent betraff ass an och deementspriechend vulnerabel ass um wirtschaftleche Plang.
Appell un d'Populatioun
Dëst Joer goufen et scho verhältnisméisseg vill Bëschbrenn, wéi eeben deen zu Fontainebleau, deen déi lescht Deeg fir vill Opmierksamkeet gesuergt huet.
D'Fro, wéi een deem entgéintsteiere kéint, déi gehéiert mëttlerweil leider zum franséische Summer dozou.
D'Regierung muss op ville Fronte géint dee Risiko schaffen. Engersäits Preventioun, also Klimaschutz generell, mee och den Amenagement vum Terrain, also méi duerch Forstungsaarbechten an de Bëscher, datt déi méi resistent sinn.
Dann awer natierlech och Adaptatioun, also zum Beispill méi Läschfligeren hunn, fir dann am Fall kënnen d'Feier ënner Kontroll ze bréngen.
An natierlech och immens wichteg den Appell un d'Populatioun, virsiichteg ze sinn, well quasi all Feier, wéi och dat elo zu Fontainebleau, geet op mënschlecht Handelen zeréck - mat oder ouni Intentioun.
Dat bleift einfach immens wichteg, grad elo wann d'Bëscher an d'Gestrëpp wéinst der Dréchent esou feieruffälleg sinn.