arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Immigratiounsdirektioun: Audit elo offiziell lancéiert

Immigratiounsaffär

|
reading time

1 min

Immigratiounsdirektioun: Audit elo offiziell lancéiert

Den Inneminister Léon Gloden confirméiert, datt hien den annoncéierten Audit iwwer de Fonctionnement vun der Immigratiounsdirektioun elo effektiv an Optrag ginn huet. De Cabinet résultance hätt den Optrag kritt, heescht et an engem Communiqué.

reading time

1 min

Den Inneminister Léon Gloden | © MAINT
Den Inneminister Léon Gloden (Foto: MAINT)

Wéinst der presuméierter Bedruchsaffär am Immigratiounsberäich hat den CSV-Minister virun zwou Wochen en Audit annoncéiert.

Onofhängeg vun der Justizenquête

Elo gëtt präziséiert, datt deen Audit en administrative Charakter soll hunn, an onofhängeg wier vun der Justizenquête, déi zënter e puer Joer leeft.

Zil vum Audit wier d’Gouvernance an d’intern Kontrollen am Département étrangers vun der Direction de l’immigration ze analyséieren.

Den Inneministère widderhëlt och, datt bis haut dräi Agente vun der Immigratiounsdirektioun wéinst der Justizenquête suspendéiert sinn. Zwee anerer waren d’lescht Joer fräigestallt ginn, schaffen awer mëttlerweil nees, heescht et am Communiqué.