D’Zil hanner dëser Motioun wier den Developpement, d’Retentioun an och d’Attraktioun vun Talenter net méi nëmmen op Beruffer ze beschränken, déi "très en pénurie" sinn, esou de Franz Fayot.
Et soll no Krittäre gekuckt gi wéi beispillsweis d’Wichtegkeet vun deem Beruff fir d’Bildung oder d’Klimatransitioun, oder wéi gutt d’Aarbechtskonditioune sinn. De Franz Fayot erkläert dat esou.
"Wéi eng Beruffer solle prioritär gefërdert ginn, fir d'Wuelbefanne vun eiser Gesellschaft ze sécheren. Wéi eng Kompetenze solle mir an Zukunft an eise Schoulen an Unie geziilt ënnerriichten a fërderen? Wéi eng aner legislativ a steierlech Akzenter kënne mir setzen, fir dës Secteuren ofzesécheren a méi attraktiv ze maachen."
Am Debat virun der Ofstëmmung goufen eng ganz Rëtsch Thematiken an deem Zesummenhang opgegraff.
déi Lénk maachen e Lien zu de Frontalieren
Fir de Marc Baum vun déi lénk hänkt de Kär vum Problem ganz vill mat der Attraktivitéit fir Frontalieren zesummen. Hien erkläert, datt net just Aarbechtskraaft an den intellektuellen oder de Beruffer mat héije Léin gebrauch gëtt.
Virun allem um Bau, am Handwierk oder an de Gesondheetsberuffer wier e Manktem u Personal. Alles Secteuren, an deenen e groussen Undeel u Frontaliere schaffen a Secteuren, wou an der Reegel Paie bezuelt ginn, mat deenen ee schwéier zu Lëtzebuerg wunnen an iwwerliewe kann, esou de Marc Baum.
"Well fir déi Leit mat den niddrege Léin a speziell Grenzgänger mat niddrege Léin, huet dës Regierung bis elo häerzlech wéineg gemaach. Déi krute vum 'Méi Netto vum Brutto' bis elo just e puer mickreg Euro pro Mount."
De Logement bleift d'Wuerzel vu ville Problemer
De Piraten Deputéierte Sven Clement huet op d'Luxtalent-Etüd vum LISER verwisen. An dëser wier ze liesen, datt 30 Prozent vun den neien auslännesche Salariéen de lëtzebuergeschen Aarbechtsmaart bannen zwee Joer verloossen. Ee Grond dofir ass, esou de Sven Clement:
“65,8 Prozent vun deenen, déi ginn, soe mir si gaangen, net well et eis zu Lëtzebuerg net gefall huet, mee well mir eis d'Wunnen do net leeschte konnten. Wann eis dat net méi interpelléiert, da stellen ech mir wierklech d'Fro, wat nach muss geschéien."
Fir den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles war et zum Schluss vun der Sëtzung wichteg nach emol ze betounen, datt d’Talent-Attraktioun, Retentioun an den Developpement ëmmer zesumme misste genannt ginn an d'nämmlecht wichteg sinn.
De Succès vun der nationaler Talent-Strategie wier deen, wann een e kollektiven Effort géif maachen, esou nach de Wirtschaftsminister.