search

/ Äisskulptur vun 2 Tonnen: Iwwer d'Sécherheet goufe sech am Virfeld keng Froe gestallt

Prozess

|
reading time

2 min

Äisskulptur vun 2 Tonnen: Iwwer d'Sécherheet goufe sech am Virfeld keng Froe gestallt

Froen zur Sécherheet stoungen am Mëttelpunkt vum drëtten Dag vum Prozess ëm dat déidlecht Accident, am November 2019, um Chrëschtmaart an der Stad. Néng Beschëllegter an den Tourismusbüro "Luxembourg City Tourist Office" (LCTO) kréien ënner anerem wéinst Homicide involontaire de Prozess gemaach.

reading time

2 min

Geriicht | © Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Iwwer d’Sécherheet ëm d’Skulptur vun iwwer zwou Tonnen - dat hunn d’Aussoe vu quasi all den Ugeklote gewisen - goufe sech am Virfeld vum Accident keng grouss Froe gestallt. An d’Responsabilitéit fir d’Accident gëtt net bei sech gesinn. 

Den LCTO-Direkter huet betount, datt wa Leit vum Terrain e Sécherheetsbesoin gesinn hätten, och eppes geschitt wier. Fir e Responsabele fir Evenementer beim LCTO hätt, wann et zu enger Sécherheetsuweisung hätt misse kommen, déi vum Äiskënschtler missen ausgoen. Hie selwer, esou dee Mann, hätt net u Barriäre ronderëm d’Skulptur geduecht.

Ugekloter hu sech un d'Famill geriicht 

Dem LCTO-Direkter no hätt een ni héieren, datt et esou een Accident mat enger Äisskulptur gouf. E weidere Responsabele fir Evenementer huet erkläert, den Äiskënschtler hätt e Stéck vun der Skulptur widdert d’Äispist setze wëllen. De Verantwortlechen hat Neen dozou gesot.

De Kënschtler hätt insistéiert, awer ni vun enger Gefor geschwat.

Den Europadeputéierte Marc Angel, President vum LCTO, war dann deen Éischten haut, dee sech un d’Eltere geriicht huet. Hien huet hinne säi Matgefill fir hiert Leed aus de leschte sechs Joer ausgedréckt.

D’Beschëllegt vum “Service événements, fêtes et marchés” vun der Stad hunn dat och gemaach. Ee vun hinne sot, mat den Informatiounen, déi hien hat, hätt hie potenziell keng Gefor gesinn, an en Aneren, datt ee vun den LCTO-Ugekloten déi Plaz wollt, wou d’Accident um Enn geschitt ass.