Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Dragon Ball: Sparking! ZERO

play_arrow Live
search

/ Aussoen zur Roll vun der Fra an zum Ofdreiwungsgesetz léisse vill Kritik aus

Visitt an der Belsch

Aussoen zur Roll vun der Fra an zum Ofdreiwungsgesetz léisse vill Kritik aus

De Poopst François huet bei senger Visitt op der kathoulescher Uni vu Louvain gëschter Aussoen iwwert d‘Roll vun der Fra gemaach, déi héich Welle schloen. Virdrun hate schonn Aussoen zur Ofreiwung fir Opreegung gesuergt. 

auto_stories

2 min

© picture alliance / ipa-agency | VATICAN MEDIA
Foto: picture alliance / ipa-agency | VATICAN MEDIA

Bei senger Visitt beim Graf vum fréiere belsche Kinnek Baudouin sot de Poopst, hie géif dem Baudouin säi Courage begéissen, well hien 1990 dat "mäerderescht“ Ofdreiwungsgesetz net ënnerschreiwe wollt. Dat hat deemools zu enger institutioneller Kris geféiert.

De belsche Centre d‘action laïque huet an dem Poopst seng Ausso schaarf kritiséiert an d‘Regierung interpelléiert. Si misst kloer stellen, datt dat inakzeptabel wier. De Centre d‘action laïque sot an engem Communiqué, dem Poopst seng Ausso wier eng Provokatioun, well grad deen Dag och den internationalen Dag fir d‘Recht op Ofdreiwung ass.

Poopst: D‘Fra ass Fra

Op der Uni vu Louvain koum eng weider Ausso dobäi, déi op Kritik gestouss ass. Et goung dobäi ëm d'Roll vun der Fra. D‘Fra wier fruchtbar Opnam, Virsuerg an Higab, esou de Poopst. Et wier ellen, wann d‘Fra sech zum Mann wéilt maachen, esou de Chef vun der kathoulescher Kierch. D‘Fra wier Fra, an dat wier wichteg.

D'Uni selwer huet protestéiert. D‘Rektorin vun der Uni, d‘Françoise Smets, sot, si wieren net d‘Accord mat dëser deterministescher a reduzéierender Positioun. Och Männer kéinte sech ëm d‘Famill këmmeren.

Haut um Sonndeg ass de leschten Dag vun der Poopstvisitt. De Moien um 10 Auer ass zu Beissel eng Mass am Stade Roi Baudouin, fir déi 40.000 Leit erwaart ginn.