Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waffestëllstand tëschent Israel an Hisbollah ass a Kraaft getrueden

Noen Osten

Waffestëllstand tëschent Israel an Hisbollah ass a Kraaft getrueden

E Waffestëllstand tëschent Israel an der Hisbollah ass hënt a Kraaft getrueden. Wann en unhält, geet deen aktuelle Krich tëschent Israel an där pro-iranescher Hisbollah Miliz no méi wéi engem Joer op en Enn.

auto_stories

1 min

Palestinenser | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

De Waffestëllstand gouf vun den USA a Frankräich vermëttelt a gëschter Owend vum israeelesche Sécherheetscabinet ugeholl. 

Banne 60 Deeg soll déi israeelesch Arméi sech elo aus dem Libanon zeréckzéien. An där Zäit sollen och d'Hisbollah-Kämpfer sech ronn 30 Kilometer vun der israeelescher Grenz ewech no Norden zeréckzéien. Am Grenzgebitt sollen dann Zaldote vun der libaneesescher Arméi stationéiert ginn. 

Zoustänneg fir d'Implementatioun an d'Iwwerwaachung vum Accord sinn d'USA, Frankräich, Libanon, Israel an d'UNO-Friddenstrupp UNIFIL.

Israel huet sech d'Recht behalen, nees militäresch am Libanon ze intervenéieren, wann den Accord gebrach gëtt. 

De Waffestëllstand gouf ënner anerem vum UNO Generalsekretär Antonio Guterres an der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen als Chance fir de Fridden an der Regioun begréisst.