arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst Bommen-Menace: Austrian Airlines-Fliger huet zu Sofia mussen noutlanden

Menace

|
reading time

1 min

Wéinst Bommen-Menace: Austrian Airlines-Fliger huet zu Sofia mussen noutlanden

Um Vol vun Tel Aviv op Wien huet e Fliger vun Austrian Airlines um Sonndeg den Owend d’Richtung mussen änneren: Wéinst enger Menace huet den A320 zu Sofia musse landen.

reading time

1 min

Archivfoto | © EPA/CHRISTIAN BRUNA
Archivfoto (Foto: EPA/CHRISTIAN BRUNA)

D’Maschinn ass um 19:42 Auer an der bulgarescher Haaptstad gelant, heescht et an israeelesche Medien. 

Do war vun enger presuméierter Bommen-Menace rieds, déi nom Depart an Israel komm wier. Zu deem Zäitpunkt wier de Fliger no bei der bulgaresch-rumänescher Grenz gewiescht.

U Bord vum Fliger waren 51 Passagéier a sechs Membere vum Equipage.