De Weekend haten israeelesch Siidler e Convoi mat europäeschen Diplomaten, déi fir eng Visitte am Palestinensergebidd waren, ugegraff. Dobäi war e franséische Buergermeeschter an eng amerikanesch Photografin vun der Washington Post blesséiert ginn.
D‘EU hat d‘Aggressioune schaarf kritiséiert. De franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot huet un Israel appelléiert déi Responsabel direkt festzehuelen a se viru Geriicht ze stellen.
Den amerikaneschen Ambassadeur an Israel Mike Huckabee huet begréisst, datt déi Responsabel festgeholl goufen.
Kritik u Siidler-Politik
Am palästinensesche Gebitt Westjordanland kënnt et ëmmer nees zu brutalen Iwwerfäll op déi lokal Bevëlkerung. An Summer dëst Joer haten israeelesch Siidler dat palestinensesch Duerf Kusra blockéiert a Familljen aus hiren Haiser gejot.
Den amerikaneschen Ambassadeur Mike Huckabee, huet déi israeelesch Siidler Terroriste genannt. D‘USA haten déi israeelesch Arméi a Police schonn deemools opgefuerdert, net nozekucken a géint déi Responsabel Israeelie virzegoen.
D‘USA gëllen als enken Alliéierte vun Israel. Virun engem Joer hat den US-President Donald Trump ee Friddensplang fir d'Gazasträif opgestallt. D'Wafferou gräift awer just bedéngt - d'selwecht d'Opfuerderunge vun den USA, keng gezillten Attacken op Palestinenser am Westjordanland ze lancéieren.