Gefierer vu franséischen, belschen a polneschen Delegatiounen haten Diplomaten op Taybeh bruecht, en haaptsächlecht chrëschtlecht Duerf am Westjordanland. Do hunn israeelesch Siidler palästinensesch Bauere probéiert dorun ze hënneren Oliven ze recoltéieren. Dat bericht d'AFP a berifft sech op Zeien.
Si hunn d'Diplomaten och verbal, an dunn ee vun hinnen och kierperlech attackéiert. Affer war de franséische, kommunistesche Buergermeeschter Bernard Baudoux vun Aulnoye-Aymeries an Nordfrankräich.
Hie wier op de Buedem geheit ginn an da mat Eisestaangen zerklappt gi sinn, esou de Buergermeeschter zur AFP. Si wiere wéi vu Sënne gewiescht, sot de Bernard Baudoux nach.
Frankräich fuerdert Konsequenzen
De franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot huet un Israel appelléiert déi Responsabel direkt festzehuelen a se viru Geriicht ze stellen.
Netanjahu schwätzt vun Diffamatioun
Den israeeleschen Ausseminister Gideon Saar huet d‘Gewalt verurteelt, mee den europäesche Consultanten och de Virworf gemaach, datt si d‘Visitt net mat der israeelescher Arméi coordonéiert hätten.
Aus dem Büro vum israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu huet et geheescht, dëst wier eng Diffamatiounscampagne géint Israel an d‘Siidler.