arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bannent 2 Joer: Véiermol méi Demandë fir eng staatlech Ënnerstëtzung fir PV-Anlagen

2.400 Demanden

|
reading time

1 min

Bannent 2 Joer: Véiermol méi Demandë fir eng staatlech Ënnerstëtzung fir PV-Anlagen

Konkret goufen 2023 ronn 2.400 Demande gemaach. 2025 waren et der iwwer 10.600. Dat äntweren den Energieminister Lex Delles an den Ëmweltminister Serge Wilmes op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP. Dovu goufen awer d‘lescht Joer nëmmen e bësse méi wéi d‘Hallschent och effektiv subventionéiert.

reading time

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Elke Münzel
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Elke Münzel)

Allerdéngs wieren an der éischter Hallschent vun dësem Joer weider 9.500 Subsiden accordéiert ginn. De Retard géif deemno däitlech zeréckgoen, esou d‘Minister.

An, zënter dem Ufank vum Joer streckt de Staat d‘Sue jo iwwer ee Prefinanzement vir. Iwwer dee Wee wieren zënterdeem 330 Demanden accordéiert ginn. D‘Dossiere wieren am Schnëtt bannent fënnef Deeg traitéiert ginn.

Lëtzebuerg wier um gudde Wee fir déi national Objektiver wat Photovoltaik ugeet bis 2030 ze erreechen, esou nach d‘Minister. Et wiere fir den Ament keng zousätzlech Mesuren néideg.