arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ STATEC-Direkter schléisst zweet Indextranche bannent engem Joer net aus

Energiekris

|
reading time

2 min

STATEC-Direkter schléisst zweet Indextranche bannent engem Joer net aus

Trotz den Tripartite-Mesuren déi decidéiert goufen, kéint een net ausschléissen, datt net awer nach eng zweet Indextranche bannent 12 Méint wäert erfalen. Déi Analys mécht de STATEC-Direkter Tom Haas am 100,7-Interview. Hien huet drop higewisen, datt ee weider no un enger zweeter Indextranche wier.

reading time

2 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Gläichzäiteg wier et schwéier eppes virauszesoen, well d’Situatioun am Noen Oste séier evoluéiert. Den Tom Haas geet awer dovun aus, datt d’Mesuren déi op der Tripartite decidéiert goufen en Impakt wäerten hunn. Sou kéint d’Subventioun um Sprit, um Gas an um Elektresch d’Inflatioun signifikant bremsen.

"Do gi mer eeben dann an deenen intermediairen Zenario dovun aus, datt awer d'Inflatioun iwwer 3 Prozent, 3 ,5 Prozent kéint sinn an duerch déi dote Mesurë géifen esou sech ëm 0 ,7 Prozentpunkte gedréckt ginn. Dat heescht, alles zesummen huet dat awer schonn ee signifikativen Impakt an et géif eeben hëllefen de Risiko vun enger zousätzlecher Indextranche am Summer oder nom Summer, also virum Enn vum Joer ze drécken."

Weider geet de STATEC-Direkter dovun aus, datt Mesurë wéi zum Beispill d’Steierkreditter e spierbaren Effekt op d’Kafkraaft an domat op d’Lëtzebuerger Wirtschaft wäerten hunn.

Kafkraaft géif weider gestäerkt ginn

De Steierkredit fir Mindestlounbezéier an de Steierkredit Konjunktur, déi op der Tripartite decidéiert goufen, wäerten d’Kafkraaft vun de Leit stäerken, esou nach den Tom Haas. Den neie Steierkreditt Konjunktur mécht tëscht 8 an engem hallwen Euro a 24 Euro de Mount aus, jee no Verdéngscht. Mindestlounbezéier hunn, kombinéiert mam erhéichte Steierkredit, vu Juli 2027 u knapp 130 Euro de Mount méi am Portmonni.

Wann d’Leit méi Suen hunn, da ginn se och méi aus, esou den Tom Haas. Allgemeng wier d’Kafkraaft vun de Leit zu Lëtzebuerg an de leschte Joren schonn däitlech gestäerkt ginn, erkläert de STATEC-Direkter.

"Wann een dat iwwert déi ganz Period elo kuckt, 2019 bis dann 2027, wat eeben bis doheem ass, wou eis Previsioune ginn, dann huet een eigentlech eng Hausse vun der Kafkraaft vun 10 Prozent. Dat ass scho relativ exceptionnel. Dat ass eeben, méi wéi ee Prozent pro Joer, wat an d'Luucht geet. An dat ass berengegt vun der Inflatioun. Dat ass, am internationale Verglach schonn eng ganz positiv Entwécklung. Doduerch hate mer an deene leschte Joren och ee Konsum, dee permanent an d'Luucht gaang ass a wat an deem Sënn e bëssen d'Wirtschaft eeben och stabiliséiert huet."

Lauschtert hei de ganzen Interview mam STATEC-Direkter Tom Haas