arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 80 Gesondheetsorganisatioune ruffen d'EU op, Schutzmesurë fir d'Hëtzt ze decidéieren

Hëtzt

|
reading time

1 min

80 Gesondheetsorganisatioune ruffen d'EU op, Schutzmesurë fir d'Hëtzt ze decidéieren

Eng 80 europäesch Gesondheetsorganisatiounen hunn d‘EU opgeruff, rechtlech verbindlech Schutzmesurë géint d‘Hëtzt ze decidéieren. D‘EU misst extreem Hëtzt als EU-wäit Gesondheetsgefor unerkennen an en Hëtzschutzplang mat obligatoresche Mesuren erstellen, heescht et an enger gemeinsamer Deklaratioun.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Karl-Josef Hildenbrand
(Foto: picture alliance/dpa | Karl-Josef Hildenbrand)

Eng weider Fuerderung ass et, en EU-Fong ze schafe fir domat Schoulen, Klinicken a Fleegeheemer méi resistent géint d'Hëtzt ze maachen.

D‘Gesondheetsorganisatioune fuerderen och méi streng europawäit Reegele fir Leit op der Aarbecht virun der Hëtzt ze schützen. 

9.600 Doudeger an Däitschland bannent enger Woch

D‘Hëtztwell vun Enn Juni huet an Däitschland neie Schätzungen no méi Doudeger verursaacht wéi ugeholl gi war. De Robert Koch Institut geet elo dovun aus, datt an der Woch vum 22. bis 28. Juni ronn 9.600 Doudesfäll op déi héich Temperature vun ëm déi 40 Grad zeréckzeféiere sinn. 

Dat wieren der bal duebel esou vill wéi bei enger éischter Estimatioun.

Domat wier d‘Hëtztwell vun Enn Juni och responsabel fir dee gréissten Deel vun den am Ganzen 11.600 Doudesfäll bis elo an Zesummenhang mat der Hëtzt an Däitschland.

Déi meescht vun dësen Doudesfäll waren eeler Leit vu 85 Joer oder méi.