Esou eng intern Analyse war am Koalitiounsaccord annoncéiert ginn.
Nieft dem President, der Direktioun, de concernéierten Departementer an de Membere vum Verwaltungsrot vun der CNS ass och d'Inspection générale de la Sécurité sociale, IGSS, un der Analyse bedeelegt. Et geet ënner anerem drëms eng intern Kontroll bei der CNS anzeféieren an sech géint Abus a Bedruchsfäll opzestellen.