Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
search

/ Bei energeetescher Sanéierung d'Bausubstanz erhalen

Energiewochen

Bei energeetescher Sanéierung d'Bausubstanz erhalen

D‘EU wëll bis 2050 klimaneutral sinn. A fir dat Zil ze erreechen, soll et an Zukunft den Haiser a Gebaier un d‘Substanz goen. Neibaute solle vun 2028 u klimaneutral sinn. Mee: et geet och drëms, al Bausubstanz ze erhalen a sou ze renovéieren, datt Ressource geschount ginn.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow
Foto: Oekozenter Pafendall

Hei am Land setzen de Mouvement écologique an den Oekozenter am Pafendall sech fir genau dofir an, an organiséiert nach bis en Donneschdeg Visitten op entspriechende Chantieren. 

"Net méi esou staark Richtung Renovation profonde"

Zu Zolwer huet d’ASBL Life een Haus kaf fir doranner bezuelbare Wunnraum ze schafen. Dee Projet gëtt vum Staat zu 75 Prozent subventionéiert, ënnert der Konditioun, datt um Enn eng vun de 4 beschten Energieklassen, dat heescht op mannst d‘Klass D, erreecht gëtt.

Wichteg war et fir déi Responsabel, datt nohaltegt Material genotzt gëtt, seet de Gary Diederich vun der ASBL Life. Dat heescht och kee Styrodur oder Glaswoll, mee éischter ökologesche Produiten.

D’Isolatioun, d’Ersetze vun de Fënsteren a vum Daach an enger Façade aus Holz, grad ewéi d’Solarthermie, d’Kellerdämmung an ee Reewaassertank sinn d’Haaptmesuren, déi ergraff goufe fir ekologesche Critèrë gerecht ze ginn. Vun dësem Joer u wëllt d’ASBL déi nei Chantieren allgemeng aneschters upaken, erkläert de Gary Diederich.

"Am Géigesaz zu dësem Projet gi mir awer net méi esou staark Richtung Renovation profonde. Mir erhale vill méi dat, wat do ass. A maache méi geziilt Mesuren."

Gratis Gespréicher u fir Bauprojeten

Heizunge ginn zum Beispill net direkt ersat. Wa se réischt puer Joer al sinn, egal op Masutt oder Gas, bleiwe se nach bestoen. Wann awer bis ze vill drun ze schaffen ass ,gi se direkt duerch eng Wärmepomple ersat, esou de Gary Diderich. 

D'Thécla Kirsch an de Gary Diederich. | © Carole Schimmer.
D'Thécla Kirsch an de Gary Diederich. (Foto: Carole Schimmer.)

Déi meescht Läit hätte keng Kenntnisser a wéissten och net, wéi een esou ee Projet kann ugoen an och finanzéieren. Et kann een entweder beim Oekozenter eng Berodung ufroen, oder och bei der Klimaagence, déi ee gratis ka consultéieren. Den Oekozenter am Pafendall huet sech der Berodung iwwer ekologescht Baue verschriwwen a bitt gratis Gespréicher u fir Bauprojeten ze beschwätzen.

Moossname gi vum Staat subventionéiert

Eng vun den Haaptfroe bei der energeetescher Sanéierung ass meeschtens déi vun der Dämmung, oder och vun den Equipementer fir ze hëtzen oder fir waarmt Waasser ze produzéieren. An do zirkuléieren dacks falsch Informatiounen, betount d’Thécla Kirsch vum Oekozenter Pafendall. Ugefaange bei der Wärmepompel: Déi kann een zum Beispill och mat alen Heizkierper asetzen.

"Dat packt déi Wärmepompel allemol, d’autant plus datt d'Haus jo awer eigentlech no enger energeetescher Sanéierung dann och manner brauch. Eng Wärmepompel packt och en onsanéiert Haus. D'Fro ass awer ëmmer, wéi vill Stroum een dann eeben duerno brauch. Well wat d'Wärmepompen natierlech méi schaffe muss, wat se méi Stroum verbraucht."

Beim Dämme ginn et Moossnamen, déi ee bannendra kann ëmsetzen, am Keller oder am Daach. Wichteg ass et awer, Baussemaueren a Fënsteren zesummen ofzedichten, seet d’Thécla Kirsch.

"An d'Aussemauere ginn ëmmer zesumme mat de Fënstere gekuckt, fir datt do eebe keng Problemer sinn, datt herno d'Fënster besser ass wéi d'Mauer, an effektiv all Kondenswaasser sech op der Mauer nidderschléit an net op der Fënster, wat dann éischter zu Schimmelproblemer féiert."

All déi Moossname gi vum Staat subventionéiert. Informatiounen doriwwer kritt een och iwwert d’Klima-Agence an d‘Energieberoder. Verschidden Hëllefe ginn et och fir mannerbemëttelt Stéit. Do kann ee jee no Revenu beim Logementsministère nach den Top-up social ufroen.

Bis een Donneschdeg kann ee verschidde Chantieren oder Projeten am Kader vun den Energiewoche vum Oekozenter besiche goen. Informatiounen doriwwer kritt ee beim Oekozenter Pafendall.

Reportage lauschterenplay_arrow

Firwat renovéieren am Plaz nei ze bauen?

Weltwäit geet d‘Hallschent vun den Emissiounen op de Bausecteur zeréck. Dem IPCC Rapport no, misse de Bausecteur ëm 80 bis 90 Prozent reduzéiert ginn, fir d‘Klimaziler 2050 ze erreechen.

Virun allem den Zement, deen am Beton ass, mécht een Drëttel vun dësen Emissiounen aus. Déi si bedéngt duerch cheemesch Reaktiounen, erkläert d‘Thécla Kirsch. Et géif deemno net duergoen ze soen, datt een an der Hierstellung selwer op erneierbar Energien zeréckgräift.

Et brauch also en Ëmdenken am Ëmgank mam aktuelle Bestand. Fréier wier fir d‘Éiwegkeet gebaut ginn. En Neibau huet mëttlerweil just nach eng Liewenserwaardung vu 40 Joer.

Dat misst sech änneren. Am Ausland gëtt et Beispiller, wou Bürosgebaier hir Funktioun als Büro verléieren, mee am Plaz ofgerappt ze ginn, gi se zu Wunngebaier ëmfunktionéiert. Dat sollt och zu Lëtzebuerg machbar sinn. Dofir missten an de PAGen awer Funktiounsännerungen erméiglecht ginn.

Deementspriechend mécht den Ökozenter en Appell un d‘Gemengen, hir Bautereglementer unzepassen, fir och der Albausanéierung kënne gerecht ze ginn.

Interview mat der Thécla Kirsch lauschterenplay_arrow