arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Belsch freet Kautioun vun 10 Milliounen Euro fir festgesate russesche Pëtrolstanker

Belsch

|
headphones

1 min

Belsch freet Kautioun vun 10 Milliounen Euro fir festgesate russesche Pëtrolstanker

De russesche Petrolstankeer dee vun der Belsch festgesat gouf, ka just géint eng Kautioun an Héicht vun 10 Milliounen Euro rëm fräigesat ginn. Dat sot haut déi belsch Justizminsitesch Annelies Verlinden.

headphones

1 min

Symbolbild | © picture alliance/dpa | Marcus Brandt
Symbolbild (Foto: picture alliance/dpa | Marcus Brandt)

Am Ganze wiere 45 Reegelverstéiss festgestallt ginn. Den Tanker wier fälschlecherweis ënner dem Fändel vu Guinea gefuer an et hätt technesch Mängel ginn.

Déi 21 Membere vum Equipage mussen am Hafe vu Seebruge u Bord bleiwen bis den Tanker rëm konform ass.

D‘Schëff soll zu der sougenannter russescher Schattenflotte gehéieren, déi d‘Pëtrolssanktiounen ëmgeet.