arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëschbrand nërdlech vu Madrid huet schonn iwwer 12.000 Hektar Land zerstéiert

Spuenien

|
reading time

1 min

Bëschbrand nërdlech vu Madrid huet schonn iwwer 12.000 Hektar Land zerstéiert

A Spuenien huet e grousse Bëschbrand ronn 100 Kilometer nërdlech vu Madrid bis elo méi wéi 12.000 Hektar Land zerstéiert. Dat hunn déi lokal Autoritéite matgedeelt.

reading time

1 min

© EFE/Nacho Izquierdo
(Foto: EFE/Nacho Izquierdo)

De Brand war schonn en Donneschden ausgebrach. Honnerte Mënsche sinn aus Sécherheetsgrënn evakuéiert ginn.

Den Autoritéiten no gouf et bis elo keng Doudeger oder Blesséierter. De Bëschbrand gëllt awer weider als schwéier ënner Kontroll ze kréien.