Ech hu jo näischt géint Beschleunegung, per se. Als Humanist stinn ech an der Traditioun vun der Opklärung: D'Wëssenschaft an d'Technologie hu vill gemaach, fir d'Leed ze reduzéieren an d'mënschlech Méiglechkeeten ze erweideren.
Mee "beschleunegen" ass e Verb ouni Richtung. Beschleunegen — wouhin? Eng besser Zukunft — besser fir wien, an decidéiert vu wiem?
10 Prinzippien, déi op Vernonft baséieren
Lëtzebuerg huet déi Fro scho mol beäntwert. Virun 11 Méint, e puer Kilometer vun der Luxexpo, war eist Land Host vun enger anerer Versammlung.
Am Juli 2025 huet d'Generalversammlung vun Humanists International d'Lëtzebuerger Deklaratioun iwwer Kënschtlech Intelligenz a mënschlech Wäerter ugeholl. 10 Prinzippien, gegrënnt net op Angscht an net op techno-utopisteschem Glawen, mee op Vernonft, Evidenz a mënschlecher Dignitéit.
De Mënsch muss Kontroll behalen
Den éischte Prinzip ass einfach: Entscheedungen, déi d'Liewe vu Mënschen déifgräifend beaflossen, mussen ëmmer a mënschlechen Hänn bleiwen.
Dee Prinzip gëtt elo op d'Prouf gestallt. An deenen Deeg, wou um Kierchbierg d'Acceleratioun gefeiert gouf, waren humanistesch Vertrieder am Europaparlament, fir ze warnen: Ausnamklauselen am neien EU-Gesetz iwwer Kënschtlech Intelligenz kéinten Héichrisiko-Systemer, déi virun 2028 am Asaz sinn, fir ëmmer vu senge Sécherheetsflichten ausklameren, dorënner der Flicht, datt e Mënsch d'Kontroll behält.
Dat betrëfft och Software fir Triage an Diagnostik an eise Spideeler. Wärend op där enger Plaz de Fortschrëtt gefeiert gëtt, ginn op där anerer wichteg Reegelen onbemierkt ofgeschwächt.
Ethik kann een net outsourcen
D'humanistesch Positioun ass hei weder Pessimismus nach Panik. Si ass Verantwortung. Et gëtt kee gëttleche Plang, deen iwwer dës Technologie waacht — dat schéngt souguer zu Roum ukomm ze sinn: De Poopst Leo schreift a senger éischter Enzyklika iwwer Kënschtlech Intelligenz — a fuerdert, a gutt 40.000 Wierder, mënschlech Kontroll a Grenzen.
Mir Humanisten hätte manner Wierder gebraucht. Mir hunn dës Systemer gebaut. Mir profitéiere vun hinnen. An dofir si mir — d'Mënschen, iwwer eis demokratesch Institutiounen — voll a ganz responsabel fir d'Wäerter, déi se verkierperen, a fir de Schued, dee se uriichten.
D'Ethik kann een net outsourcen — weder an den Himmel, nach an eng Serverfarm.
Als klengt Land Froe stellen
Esou steet den Numm Lëtzebuerg op zwee Dokumenter. Dat eent ass de Programm vun engem Sommet, deen eng besser Zukunft duerch Beschleunegung versprécht.
Dat anert ass eng Deklaratioun, déi insistéiert, datt eng besser Zukunft fir d'éischt duerch mënschlech Wäerter definéiert muss ginn, ier mir Gas ginn.
Déi zwee si keng Géigner, mee just eent vun hinne seet eis, wou d'Brems ass.
E klengt Land gëtt bei dëser Course den Tempo net vir, mee et kann déi Froe stellen, déi um Enn zielen: Net wéi séier mir ënnerwee sinn, mee ob mer an déi richteg Richtung fueren — an ob jiddereen dierf matfueren.
Op déi Froe gouf viru knapp engem Joer zu Lëtzebuerg eng éischt Äntwert ginn. Mir sollten déi Äntwert net vergiessen.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.