Fir de Punkt 6 vum Ordre du jour "Stellungnam zur Fro vum Referendum" waren eng 15 Bierger an d'Gemeng komm. Si waren deemno an der Majoritéit par rapport zu den 11 Gemengerotsmemberen, vun deene just de Buergermeeschter Patrick Mergen d'Wuert ergraff huet, fir un d'Resultat vum Referendum ze erënneren: 57,44 Prozent fir e Weiderféiere vun de Gespréicher an 42,56 Prozent dogéint.
Treffe mat den anere Gemengen
Duerno gouf ee Communiqué un d'Bierger:inne virgelies, op dee sech e Méindeg gëeenegt gouf.
"Aus dem Resultat vum Referendum vum 23. Mäerz 2025 geet däitlech ervir, datt d’Biergerinnen an d’Bierger hire politesche Vertrieder e kloert Zeechen an eng bestëmmte Richtung uginn hunn. Op Basis vun dësem demokratesche Signal hu sech d’Memberen aus der grousser Koalitioun dozou entschloss, d’Buergermeeschtere vun Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng/Sauer a Schieren an eng Aarbechtssëtzung ze invitéieren.”
An där Reunioun soll et ëm zwee Punkte goen: Éischtens ëm d'Fro, ob déi 4 aner Gemengen d'Gespréicher mat Bettenduerf weiderféiere wëllen, an zweetens wëllen d'Bettenduerfer Informatiounen iwwer den aktuelle Stand vun de Gespréicher. Duerno géif de Gemengerot dann eng Decisioun huelen.
D'Invitatioun un de Claude Gleis, Spriecher vun der Nordstad a Buergermeeschter vun Ierpeldeng un der Sauer, geet haut um Donneschdeg eraus. D'Reunioun zu 5 soll nächste Mëttwoch um 17 Auer nomëttes sinn, an der Bettenduerfer Gemeng, huet de Buergermeeschter betount.
Eng gewëss Bereetschaft, fir sech mam Theema auserneenzesetzen
No der Gemengerotssëtzung sot d'Anouk Wagner vun der Biergerinitiativ, et wier ee frou, datt de Message ukomm wier, datt d'Bierger:innen a Richtung Fusioun goe wëllen.
“Ech fannen et ganz gutt, datt si sech mat de Buergermeeschtere vun deenen anere Gemenge wëllen un een Dësch setzen. Dat ass ganz positiv.”
D'Resultat vum Referendum wier gehéiert a verstane ginn, esou d'Anouk Wagner, déi och mengt, datt sech d'Positioun vu bis elo vum Gemengerot géint d'Fusioun ännere kéint, well eng gewëss Bereetschaft do wier, fir sech mam Theema auserneenzesetzen.