arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Big Thief – Double Infinity: Véier minus Een mécht… zwou Dosen?

Album vun der Woch

|
headphones

3 min

headphones

11 min

play_arrow

Big Thief – Double Infinity: Véier minus Een mécht… zwou Dosen?

An enger Musekswelt an där den Hiphop an d’Popmusek déi éischt Plazen allermeeschten fir sech huelen, si Big Thief zesumme mat The Smile an e puer Aneren eng vun deenen eenzegen Indie-Bands, déi am Moment eng richteg grouss an trei Fangemeng opgebaut hunn. An dat net fir näischt.

headphones

3 min

headphones

11 min

play_arrow

Ëmmerhi si se alleguer op de renomméierte Berklee College of Music gaangen an hu sech duerno zu New York gegrënnt. D‘Haaptstëmm gehéiert der Adrienne Lenker, Frontfra vu den der Band. Eng groussaarteg Lidderschreiwerin, déi déi amerikanesch Traditioun ganz verënnerlecht huet an d’Éierlechkeet bis an de leschten Detail vun hirer Sprooch gefleegt triumphéiere léisst. Mir hunn de Buck Meek, exzellente Gittarist a Komponist a musikalesch net manner bewandert oder villsäiteg, ee ganz texturverléifte Museker och. Deen drëtten am Bond ass de Batteur James Krivchenia, deen Ufanks als Touningenieur mat u Bord war, an dofir och haut nach Synthesizer, Hannergrondstëmmen a Perkussioun iwwerhëlt.

Hu se kee Bassist?

Haten, well den originale Batteur vu Big Thief, Max Oleartchik huet virun engem Joer d’Band verlooss, aus tëschemënschleche Grënn, wéi gesot gouf.

Deemno och eng kloer Schwieregkeet, déi fir déi geplangten Opnamen huet misst geléist ginn, nämlech, wie spillt Bass? De bleiwenden Trio huet dës Fro awer mat Session-Bassiste geléist, déi hei oder do opdauchen.

Dat um Rand, mee de Songs illustréieren och, wéi d’Texter vum Album nach eemol eng nei Räift kruten. Wou fréier vill Fragmenter a schéi Biller zesummegelaf sinn, gesäit een elo eng méi grouss Kontinuitéit: Iddien a Gefiller ginn ëmmer erëm opgegraff, wéi eng Erzielung déi net a Kapitelen, mee a Songs opgedeelt gëtt. Et ass, wéi wann d’Band eng eenzeg laang Reflexioun iwwer Mënschlechkeet, Léift an Zesummeliewen duerch déi verschidde Stëmmungen zitt.

Et ass ganz kloer Rockmusek, et ass awer och wéi gewinnt ganz vill Folk dran.

Big Thief hunn hire Vocabulaire erweidert, ouni de Kär vun hirem Sound ze verléieren. Nieft den zaarten, bal folkege Momenter, gesäit een och méi déif Experimenter mat Rhythmus a Klangfaarwen. D’Gittaren a Perkussioun klénge méi fräi, d’Arrangementer méi couragéiert, ouni dobäi onzougänglech ze ginn. Et ass e kontinuéierlechen Dialog tëscht Intimitéit an Opbroch.

Spannend Kontinuitéit

An eng Fro war natierlech: Wéi geet d’Band mam onerwaarte Feele vum Bassist ëm? Amplaz eng Ersatzfigur eran ze zéien, hu si d’Bassroll als oppenen Espace acceptéiert a gefeiert: Heiansdo gëtt de Bass vun anere Membere matgespillt, heiansdo iwwer Synthie oder och just duerch de Klang vun der Gittar an der Drum ersat. Dëst mécht datt d’Lidder eng liicht onroueg Qualitéit kréien, Wéi wann d’Fundament ëmmer liicht a Beweegung wier. An dat passt perfekt zur Atmosphär vum Album, zum Duktus vun den Texter, an zu eiser Zäit, éierlech gesot. Och hu Big Thief no der Noriicht vum Oleartchik sengem Depart vun der Iddi Ofstand geholl, an der Einsamkeet vun engem Bëschstudio opzehuelen, an amPlaz esou vill wéi méiglech Kolleege mat an de Studio ze huelen, déi vu Backings iwwer Percussioune bis hin zu Gaaschtspiller nach eemol onwarscheinlech Liewen an des Songs bréngen.

Onersetzlëch

Jo, ech fannen hei weist Double Infinity, firwat Big Thief eng vun den entscheedendste Bands vun eiser Zäit ass. Si reflektéieren déi onsécher, fragmentéiert Welt, an där mir liewen, mee maachen dat mat engem oppene Geescht, mat Wäermt a mat enger konstanter Sich no nei Weeër, dat fragmentéiert nei zesumme wuessen ze doen. Si sinn net nëmmen eng Band, déi gutt Lidder schreift, mee eng Band, déi weist, wéi Konscht hëlleft, Zäiten ze verstoen, an dat op déi direkt, musekskënneg, momentno Manéier. An dat mécht se onersetzlech fir haut.

play_arrow Lauschteren