D'Satellittebiller vun der NASA weisen, wéi schwéier de Schued ass. Ronn 60.000 Gebaier goufen dobäi zerstéiert. Ronn 6.400 Mënsche konnte mëttlerweil aus de Ruine gerett ginn.
International Hëllef kënnt un, mee Chaos op der Plaz
D'Land ass elo op déi international humanitär Hëllef ugewisen. Et hu sech och schonn iwwer 50 international Ekippen a Richtung vum südamerikanesche Land gemaach. Mee op der Plaz selwer ass Chaos. D'Knappheet u Versuergungsgidder suergt fir Spannungen.
D'Kritik um Krisemanagement vun der Interimspresidentin Delcy Rodrigues gëtt iwwerdeems ëmmer méi haart.
Iwwerdeems gëtt gefaart, datt dat Schlëmmst elo eréischt kënnt, ëmmerhi goufe bei den Äerdbiewen déi wichteg Infrastrukturen aus der Géigend zerstéiert. Déi international Gesondheetsorganisatioun warnt virdrun, datt sech Krankheeten an Infektiounen elo séier kéinte verbreeden.
Bannent manner wéi enger Minutt haten zwee Äerdbiewe vun der Stäerkt vu 7,2 respektiv 7,5 op der Richterskala Venezuela getraff.