Vu Stonn zu Stonn ginn d'Chancen, Iwwerliewender an de Ruinen ze fannen, ëmmer méi kleng. D'Rettungsekippe sichen awer weider.
D'Interimspresidentin Delcy Rodriguez huet verséchert, datt kee vun den Doudesaffer géif a Massegriewer kommen.
Dat südamerikanescht Land ass op all international Hëllef ugewisen. Iwwer 50 Ekippen aus der ganzer Welt sinn a Venezuela fir ze hëllefen, dorënner och Lëtzebuerger. D'Weltgesondheetsorganisatioun warnt virdrun, datt Infektiounen a Krankheete sech an der Regioun kéinten ausbreeden.