D‘USA hunn d‘Douanestaxe vun 20 op 10 Prozent erofgesat. Dat, well de chineesesche President versprach huet, de Fentanyl-Handel méi strikt ze kontrolléieren.
Weider sinn d‘Liwwerunge vu seelenen Äerden aus China fir e weidert Joer garantéiert. China soll och garantéiert hunn, nees amerikanesche Soja ze kafen.
Och d‘Liwwerung vun amerikaneschem Gas a Pëtrol aus Alaska ass eng Optioun, iwwer déi geschwat gouf.
Dem Donald Trump no wier och intensiv iwwer d‘Ukrain geschwat ginn. China bleift dobäi, datt et an deem Konflikt neutral ass, ouni awer déi russesch Aggressioun ze verurteelen.