arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Regierung wëllt Kloerheet a Saachen Douanestaxe schafen

USA

|
headphones

1 min

US-Regierung wëllt Kloerheet a Saachen Douanestaxe schafen

Déi amerikanesch Regierung geet op d'Iewescht Geriicht fir Kloerheet iwwer d'Douanestaxen ze schafen, déi de President Donald Trump decidéiert huet.

headphones

1 min

Iewecht Geriicht Washington D.C. | © picture alliance / NurPhoto | Allison Bailey
Iewecht Geriicht Washington D.C. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Allison Bailey)

Wéi erwaart mécht de Justizministère Appell um Supreme Court géint e rezent Urteel vun engem Appellsgeriicht, dat jugéiert hat, datt déi meescht vum Trump sengen Douanestaxen illegal wieren.

D'Regierung huet d'Iewescht Geriicht gefrot elo séier ze klären, ob de President d'Recht huet, eleng iwwer Taxen an Handelsstrofen ze decidéieren.

Um Supreme Court gëlle 6 vun de 9 Riichter a Riichterinnen als konservativ. D'Geriicht huet an der Vergaangenheet schonn Decisiounen en faveur vun der Regierung an dem Donald Trump geholl.