D'Schoulrentrée dëst Joer stoung ganz am Schied vun de schlechte Resultater vun der Pisa Etüd. Virun allem déi schlecht Lieskompetenz bei de Schüler a Schülerinnen huet besonnesch erausgestach.
Ze vill um Handy?
Den Educatiounsminister Claude Meisch hat ënner anerem dowéinst e nach méi strikt Handyverbuet ugekënnegt. Déi schlecht Resultater eenzeg an eleng elo op d‘Handynotzung zeréckzeféieren, ass fir den LSAP Deputéierte Ben Polidori awer ze einfach.
Réischt d'leschte Schouljoer wieren an de Lycéeë jo méi streng Reegele wat d'Handynotzung ugeet agefouert ginn.
"D'Schüler:innen hunn dat zum gréissten Deels och begréisst an och verstanen, datt dat gemaach gëtt."
Elo kéim déi schlecht PISA-Etüd, an den Handy wier hei effektiv och als "ee vun de Schëllegen identifizéiert" ginn. Datt de Minister elo direkt noschéisst an nach méi streng Reegelen a puncto Handy-Notzung fuerdert, fënnt den LSAP-Deputéierten e bëssen iwwer de Knéi gebrach. Zumools well de Minister keng konkreet Iddien oder Pläng hätt.
"Op alle Fall, do krut ech ganz vill Retoure vun de Schüler, wou dat iwwerhaapt net verstinn, firwat de Minister elo scho rëm eng Kéier wëllt reagéieren, wou jo elo eréischt reagéiert gouf."
"Eng analog Schoul, déi innovativ bleift"
Dem Ben Polidori feelt et hei un engem eenheetleche Konzept. Eng Linn, déi och den Deputéierte vun déi Lénk, den David Wagner, vertrëtt. Zwar begréisst hien, datt allgemeng méi Moyene sollen zur Dispositioun gestallt ginn, mee beim Handyverbuet misst een och nei Weeër ubidden.
"Ech bedaueren, datt d'Diskussioun sech wierklech ëmmer méi reduzéiert op d'Fro vun de Smartphones."
Hie géif dem Minister säi Bestrieften, datt d'Schüler bis op Première keen Handy an der Schoul, respektiv am Unterrecht solle benotzen, deelen.
"Ech mengen, déi meescht Schüler wëllen dat och."
Wat d'Lieskompetenz ugeet misst ee sech awer wierklech Gedanke maachen an et misst een hei och méi an d'Richtung vun enger analoger Schoul goen, déi awer innovativ bleift.
Mental Gesondheet vun de Schüler:innen
D'Djuna Bernard vun déi gréng huet dogéint de Volet vun der Gesondheet vun de Schüler:innen am aktuelle Schoulsystem kritiséiert.
"Also do, wou ech e bësselchen enttäuscht sinn, ass datt mir keng Äntwerte kritt hu ronderëm d'Theema Schoulmedezin, respektiv och d'Santé mentale vu Jonken."
Zënter der Covid-Pandemie géif d'Theema vun der mentaler Gesondheet zwar an der Politik diskutéiert ginn. Déi gréng Deputéiert huet awer d'Gefill, dëst Theema géif als Spillball tëschent dem Santésministère an dem Educatiounsministère benotzt ginn.
"E Jonken, deem et gutt geet, dee ka besser léieren. An natierlech een, deen net gutt léiert, respektiv Echecken an der Schoul huet, dat huet en Impakt op d'mental Gesondheet."
Kritiséiert gouf an der Chamberkommissioun och, datt de System vum sougenannten zweeten Intervenant am Cycle 1 elo réischt vun der Rentrée 2027 soll agefouert ginn. D‘Enseignantë géifen hei endlech op Ënnerstëtzung hoffen.