arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng nei Rekordtemperatur zu Lëtzebuerg – Junirekord vun e Freideg bleift

Hëtztwell

|
reading time

5 min

headphones

3 min

play_arrow

Keng nei Rekordtemperatur zu Lëtzebuerg – Junirekord vun e Freideg bleift

Wat d‘Temperaturen ugeet huet Meteolux bis elo kee weidere Rekord zu Lëtzebuerg mat gedeelt. Gëschter war Temperaturrekord fir Juni fir déi zweete Kéier dës Woch gebrach ginn, mat 38,2 Grad um Findel.

reading time

5 min

headphones

3 min

play_arrow
Hëtzt - Symbolbild | © picture alliance/dpa | Felix Hörhager
Hëtzt - Symbolbild (Foto: picture alliance/dpa | Felix Hörhager)

Haut um Samschdeg goufen 0,4 Grad manner gemooss wéi gëscht um Freideg. De Rekord vun e Freideg bleift also bestoen.

An Däitschland gouf den absolutten Temperatur Rekord wéi et schéngt haut fir déi zweete Kéier bannent zwee Deeg gebrach. Virleefege Miessungen no, goufen 41,5 Grad zu Drewitz a Sachsen-Anhalt gemooss – déi wäermsten Temperatur déi jeemools an Däitschland gemooss gouf. En neie Rekord war gëschter schonn zu Saarbrécken mat 41,3 Grad erreecht ginn.

Rettungsdéngschter staark gefuerdert

Déi maximal rout Warnung wéinst extremer Hëtzt gëllt nach bis muer de Moie 7 Auer. De CGDIS huet säin neitste Bilan vun den Asätz eraus ginn. Deemno sinn d‘Rettungsdéngschter gëschter 369 mol intervenéiert, am Verglach zur normaler operationeller Aktivitéit war dat eng Hausse vu 77 Prozent. Ënnert den Asätz gëschter waren zwee Vegetatiounsbränn, een tëschent Elleng a Réimech, an een tëschent Lenneng an Dräibuer. Et gouf kee Mënsch blesséiert.

Groussen Undrang op de Schwammplazen

Op de Schwammplazen hei am Land gouf et haut e groussen Undrang. De Stauséi an d‘Baggerweieren zu Rëmerchen waren de Mëtteg iwwerlaascht, et war kéng Plaz méi, an déi Responsabel hunn en Appell gemaach, net méi dohin ze kommen.

Hëtztwell geet a Richtung Osteuropa

Grouss Deeler vun Europa waren  haut  weider mat extreemer Hëtzt konfrontéiert. 193 Millioune Leit wiere betraff, esou d‘Agence France Presse.  D‘Canicule beweegt sech elo méi a Richtung Osteuropa. A Frankräich huet eng Berouegung ugefaangen. Wéinst méi killer Loft vum Atlantik gëtt et lues a lues manner waarm. Et ginn elo awer orange Warnunge wéinst Donnerwiederen a 37 Departementer.

Och zu Lëtzebuerg sinn haut Donnerwiedere méiglech. Eng Ofkillung soll bei eis e Sonndeg an der Nuecht ufänken. Vun e Méindeg u ginn nees Temperature vun ënnert 30 Grad erwaart.

Canicule an Europa: Nei Temperaturrekorder a Stroumproblemer

Ronn 150 Millioune Mënschen a ganz Europa si mat Temperature vun iwwer 35 Grad konfrontéiert. A verschiddene Länner ginn nei Rekorder gemooss, wärend Spideeler a Stroumproduktioun ënner Drock geroden.

A Frankräich sinn elo nach 37 Departementer ënner Vigilance rouge. Dat nach bis muer den Owend. A Frankräich gëtt och eng Hausse vun de Stierffäll gemellt – bedéngt duerch d‘Hëtzt. D‘Spideeler a Frankräich stinn ënner Drock wéinst de villen Urgencen. Zu Paräis war et eng Hausse vun 80 Prozent vun de Samu-Asätz.

Nei Temperaturrekorder an der Schwäiz an Däitschland

An der Schwäiz an an Däitschland sinn och elo nei Temperaturrekorder opgestallt ginn. Gëschter goufen zu Basel 38,8 Grad gemooss, esou waarm war et nach ni an der Schwäiz zënter der Opzeechnung vun den Temperaturen.

Konsequenze fir d’Energieversuergung

An Däitschland ass en neie Rekord zu Saarbrécken opgestallt ginn, mat 41,3 Grad. Dat ass et nach ni an Däitschland ginn.

An der Schwäiz an a Frankräich sinn och eng Rëtsch Atomreakteren ausgeschalt ginn, well d‘Killwaasser aus de Flëss ze waarm ass.

CGDIS no Stuerm am Asaz 

De CGDIS huet no de Stuermschied vu gëschter Owend virun allem an a ronderëm d’Stad missen intervenéieren. Gläichzäiteg bleift d’Hëtztwell mat Rekordtemperature bestoen: Déi rout Warnstuf gëllt nach bis e Sonndeg de Moien.

Wéinst dem Stuerm gëschter Owend war den 112 vill gefrot. An engem Bilan de Moien heescht et, datt de CGDIS virun allem an a ronderëm Stad geruff ginn ass wéinst Degâten, ënner anerem waren 3 Kelleren iwwerschwemmt, 3 Diech ware beschiedegt a 14 Mol hu Beem oder Äscht, déi ëmgefall waren, missten ewechgeholl ginn.

Rout Hëtztwarnung bleift a Kraaft

Den Temperaturrekord fir Juni gouf gëschter nach eng Kéier gebrach. Um Findel ass gëschter eng Héchsttemperatur vun 38,2 Grad gemooss ginn.

An och haut a muer bleift den Thermometer esou héich. Déi rout Hëtztwarnung fir Lëtzebuerg gëllt bis muer de Moie 7 Auer. An de Stied an op der Musel kéinten haut a muer 40 Grad iwwerschratt ginn.

Meteolux huet och eng giel Warnung wéinst héijen Ozonwäerter eraus ginn. Eng Ofkillung vun den Temperature soll vu Sonndes op Méindes kommen, mat dann nach 24 bis 26 Grad.

De Luca Mathias vu Meteolux rechent domat, dass dee Rekord haut nach emol wäert iwwerschratt ginn. Dat géif dovun ofhänke wou a wéini sech d’Donnerwiederen entwéckelen.

“Wann dat sech e bëssen erauszögert oder wa mer elo am Beräich vum Findel keen Donnerwieder haut hunn, ass et definitiv net ausgeschloss, datt mer haut nees op deen Niveau vu gëschter kommen oder esouguer driwwer.”

Wat bedeit dat, wann op der Miessstatioun um Findel 38,2 Grad gemooss ginn?

Um Findel ginn d’Temperaturen zënter 1947 gemooss. Et ass déi eenzeg WMO-zertifizéiert Wiederstatioun am Land, esou de Luca Mathias. An och déi eenzeg, déi an den internationale Reseau gespeist gëtt.

“Natierlech ass de Findel elo net representativ fir dat ganzt Land. De Findel läit op ongeféier 376 Meter. Dat heescht, wann een elo Richtung Musel geet, kann een ëmmer schonn op d'Temperatur vum Findel ongeféier plus zwee Grad dobäi rechnen. A wann een elo op d’Koppen am Éislek geet, kann ee plus minus zwee Grad ofzéien.”

Wéini wäert een d’Ofkillung kënne spieren?

Um Sonndeg am Laf vum Dag wäert et net méi esou waarm gi, wéi déi lescht Deeg. Et wäert allerdéngs schmeier bleiwen an dowéinst wäert een d’Ofkillung nach net richteg spieren, esou nach de Luca Mathias.

“Ech denken et ass dann haaptsächlech ab e Méindeg, wou een dat méi staark ka spieren. De Méindeg wäerte mer bei den Héchsttemperaturen esou ëm déi 28 Grad leien, wat och nach ëmmer relativ héich ass. Mee par rapport zu deene leschten Deeg wäerte mer do jo scho gutt dann 10 Grad verléieren.”

Och d’Nuechte wäerte vun der nächster Woch un erëm méi kill ausfalen.

play_arrow Lauschteren