D’Weltklimakonferenz COP31 an der Tierkei geet also elo an eng decisiv Phas.
Am Entworf gëtt unerkannt, datt d’Ophëtze vun der Äerd net méi bei plus 1,5 Grad am Verglach mat der virindustrieller Zäit ka gestoppt ginn.
Fossil Energien
Gläichzäiteg ginn am Pabeier Pëtrol, Kuel a Gas net ausdrécklech genannt.
Et gëtt am Text eng Uspillung un d’COP28 zu Dubai, bei där 2023 eng éischt Kéier vun enger Transitioun a Richtung Enn vun de fossillen Energië geschwat gi war.
Den Entworf war de Moie fréi verëffentlecht ginn, ronn 32 Stonnen nodeem d’Konferenz schonn hätt sollen eriwwer sinn.
Frankräich an Däitschland wëllen deen Text net matdroen.
Am Text steet och d’Zil, datt bis 2035 den Deel vum Stroum um Endenergieverbrach weltwäit vun elo 23 op 35 Prozent soll klammen.
Kampf géint d'Klimakris
Déi 31. Weltklimakonferenz vun de Vereenten Natiounen ass zu Antalya. Op der zwou Woche laanger Konferenz beroden zéngdausende Delegéierter aus der ganzer Welt iwwer de Kampf géint d’Klimakris.
D’Verhandlungen hätte sollen e Freideg ofgeschloss ginn. Si goufe verlängert.