Greenpeace fuerdert ënner anerem méi ëffentlech Gelder fir de Biodiversitéitsschutz, eng besser Protektioun vun de Bëscher an den Ozeaner an eng Stäerkung vun de Rechter vun indigènë Bevëlkerungen.
Kritik u Lëtzebuerger Finanzplaz
Am Detail sollen ënner anerem déi Länner, déi Gebidder an deenen indigène Vëlker liewen, zu Schutzzonen erkläert ginn. Wa sollen Entwécklungsprojeten an de concernéierte Gebidder stattfannen, dann dierf dat nëmmen an Zoustëmmung mat de betraffene Persoune geschéien, fuerdert Greenpeace.
Och Lëtzebuerg misst méi Verantwortung iwwerhuelen. D‘Organisatioun kritiséiert, datt op der Lëtzebuerger Finanzplaz Holdings vu Betriber vertruede sinn, déi mat der Zerstéierung vu Bëscher a Verbindung stinn.
D'COP17 fänkt e Méindeg un. Greenpeace fuerdert, datt dobäi ee konkreete Finanzéierungsprogramm a verbindlech Mesuren erauskommen.