D’OGBL-Presidentin Nora Back an den UEL-President Michel Reckinger hunn no der Sëtzung vun engem konstruktiven Echange geschwat, och wann der Gewerkschaftlerin no d’Positioune bei där Aarbechtszäitorganisatioun wäit ausenee géife leien.
De Patronatsvertrieder huet dogéint fonnt, datt een op verschiddene Punkte scho weiderkomm wier.
Marc Spautz wëllt Kollektivverträg hikréien
De Minister wëllt sengersäits bis Allerhellegen op dem Punkt substanziell virukommen an eventuell dëst Joer nach legiferéieren, wat d’Nora Back als een optimisteschen Szenario beschriwwen huet.
D’Zil vum Marc Spautz ass et, fir an deem Kontext méi Kollektivverträg hinzekréien, als Incentive fir Betriber.
“Ech wäert elo eng Propos maachen, déi sech och drop baséiert, dass de Kollektivvertrag d'Basis ass, fir déi Ouverturë kënnen ze maachen."
Wann de Minister géif op daf Ouere falen, géif en eng Propos am Regierungsrot maachen.
"Dass mer dee Projet op de Wee bréngen an dass mer da mol an enger éischter Etapp iwwert d'Kollektivverträg déi Méiglechkeete schafen, well mer jo gewisen hunn, och an deenen Ouvertureszäiten am Commerce, dass do iwwer Kollektivverträg ganz vill konnt gereegelt ginn.”
De Minister wëllt, fir d’Positioune vu Gewerkschaften a Patronen a Saachen Aarbechtszäitorganisatioun méi no beieneen ze bréngen, Texter op den Dësch leeën. Optimal wier et, esou de Marc Spautz, wa béid Säite sech dora géifen erëmfannen. A sollten awer Divergenze bestoe bleiwen, da kéint een déi am Comité de suivi Tripartite behandelen.
OGBL: "Nëmmen iwwer Kollektivverträg"
An den Ae vun der OGBL-Presidentin Nora Back leien d’Positioune vu béide Säiten op deem Punkt wäit auserneen.
"Ech mengen, dat Wichtegst ass, dass iwwerall do, wou soll dérogéiert ginn zum Gesetz, iwwerall do, wou vläicht nei Flexibilitéiten agefouert solle ginn an den Aarbechtszäiten, dass dat just kann iwwer Kollektivvertrag passéieren."
Da wär et méiglech, en Accord ze fannen, esou d’OGBL-Presidentin. Datt de Minister a puncto Aarbechtszäitorganisatioun bis Allerhellegen en Ofschloss vun den Diskussioune fanne wëllt, fir dëst Joer nach ze legiferéieren, fënnt d’Nora Back en optimisteschen Timing. Schliisslech wéilt d’Patronat all Garde-fouen op deem Gebitt ophiewen, wougéint d’Gewerkschaften eng Aarbechtszäitverkierzung wéilten.
UEL mécht sech kee Stress
Den nach-President vun der UEL Michel Reckinger sot, et hätt een nach emol erkläert, wat ee wéilt. An dat wär engersäits Rechtssécherheet fir "Saachen, déi et a Betriber scho gëtt", an anerersäits keng substanziell Verschlechterung vun der aktueller Situatioun. Wat den Zäitplang Allerhellegen ugeet, huet hie gemengt.
"Mir si gutt ënnerwee, dat ass sécher, mä mir ginn eis awer kee Stress, well awer verschidde Réuniounen nach vläicht méi wichteg sinn oder Texter méi wichteg sinn, fir duerchzebréngen.”
Den UEL-President huet et begréisst, datt nees normal am CPTE diskutéiert gëtt an de Sozialdialog erëm op de Schinne wär.
Eng nächst Sëtzung vum Comité permanent du travail et de l’emploi ass den 30. September: Dee Moment geet iwwert d’Congée Rieds. De 15. Oktober da steet d’Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit um Ordre du jour.
Iwwer d'Plattformaarbecht gouf haut nach net geschwat.