arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Charlotte Junck gëtt nei Directrice vun der Union des Entreprises du Luxembourg

Patronatsdaachverband

|
reading time

1 min

D'Charlotte Junck gëtt nei Directrice vun der Union des Entreprises du Luxembourg

D'Charlotte Junck iwwerhëlt domat de Poste vum Marc Wagner op den 1. Oktober, deelt d'UEL an engem Communiqué mat. De Marc Wagner hat am Februar schonn ugekënnegt, datt hie bei d'Croix-Rouge wiesselt.

reading time

1 min

© UEL
(Foto: UEL)

D’Charlotte Junk ass domat déi éischt Fra an der Geschicht vum Patronatsdaachverband. 

Domat huet d’UEL eng komplett nei Spëtzt. Vum 1. Oktober un iwwerhëlt, wéi scho gewosst, och de Marc Lauer de Poste vum President vun der UEL an ersetzt domat de Michel Reckinger.